Auronzo di Cadore
| Auronzo di Cadore | |
|---|---|
| Land: | |
| Regioun: | |
| Provënz: | |
| Koordinaten: | 46° 33′ N, 12° 26′ O46.5512.433333333333866Koordinaten: 46° 33′ 0″ N, 12° 26′ 0″ O |
| Fläch: | 220,71 km² |
| Awunner: | 3.513 (31. Dez. 2010) |
| Bevëlkerungsdicht: | 16 Aw./km² |
| Héicht: | 866 m |
| ISTAT-Nummer: | 025005 |
Auronzo di Cadore ass eng italienesch Gemeng an der Provënz Belluno an der Regioun Venetien.
Zu der Gemeng gehéiert déi kleng Uertschaft Misurina beim Misurinaséi, an nach 16 aner Uertschaften, an der italienescher Verwaltungssprooch Frazione (Fraktiounen) genannt. Et sinn dat: Auronzo selwer - Casa San Marco - Case Orsolina - Cella - Cima Gogna - Cosderuoibe - Fienili Tarlisse - Giralba - Palus San Marco - Piazza del Gobo - Reane - Rifugio Auronzo - Rifugio Bosi - Riziò - Somprade - Villapiccola.
Op der Grenz vun der Gemeng leien d'Biergspëtzen Tre Cime de Lavaredo, déi mat iwwer 2900 Meter zu den héchsten an den Dolomiten zielen.
D'Uertschaft Auronzo läit um lénksen Uwänner vum Stauséi Santa Caterina am Dall vum Floss Ansiei.
Den S.S. Lazio huet zu Auronzo säi Summertrainingscamp éier d'Championnat ufänkt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Nopeschgemengen
Calalzo di Cadore, Comelico Superiore, Cortina d'Ampezzo, Danta di Cadore, Dobbiaco, Domegge di Cadore, Lozzo di Cadore, San Vito di Cadore, Santo Stefano di Cadore, Sesto, Vigo di Cadore.
[änneren] Jumelage
Ilópolis, Brasilien
[änneren] Bekannte Leit aus der Gemeng
- Renato Del Din, Alpinist a Partisan, decoréiert mat der Medaglia d'oro al valor militare.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Auronzo di Cadore – Biller, Videoen oder Audiodateien |