Netta Barzilai

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Netta Barzilai
Gebuertsnumm נטע ברזילי
Pseudonym נטע
Gebuer 22. Januar 1993
Hod HaSharon
Nationalitéit Israel
Aktivitéit Museker, Liddermécher, Disk Jockey, Sänger, Komponist, Lidderschreiwer

D'Netta Barzilai (op Hebräesch: נטע ברזילי), och just als Netta (נטע) bekannt, gebuer den 22. Januar 1993 zu Hod haScharon, ass eng israeelesch Sängerin, Loop-Musekerin[1],[2], Aktivistin fir Body positivity[3] a Feministin[4]. Si ass d'Gewënnerin vum Eurovision Song Contest 2018[5].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Netta Barzilai staamt aus Hod HaSharon, enger Stad nërdlech vun Tel Aviv. Als Kand huet si véier Joer laang an Nigeria gelieft. No engem Nachal-Fräiwëllegejoer huet si hire Militärdéngscht an der Militärmusek vun der israeelescher Marinn geleescht. Duerno huet si an der Rimon School of Music zu Tel Aviv Elektromusek studéiert[6],[7].

Musikalesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Virun hirem Erfolleg bei der ESC-Virentscheedung 2018 huet d'Netta als DJ a Sängerin op Hochzäitsfeiere geschafft. Doriwwer eraus huet si Gesangsunterrecht gehalen an den Improvisatiounschouer The Experiment gegrënnt.

2016 huet si d'Haaptroll an der Theaterproduktioun Running on the Sea gespillt, zesumme mat der Theaterprofessesch Ruth Kanner an der Komponistin Avshalom Ariel, déi doriwwer eraus eng vun hire Backgroundsängerinne beim Eurovision Song Contest 2018 war. Am Joer 2017 krut d'Netta eng weider Haaptroll am Noam Inbar sengem A-Capella-Stéck The Book of Challenges, dat en Deel vum Singing in the Squares-Projet vum Tel Aviv Musée war. Weiderhin ass d'Netta Solistin am erfollegräiche Show-Grupp "Gaberband", dee souwuel an Israel wéi och am Ausland optrëtt a Loopworkshops fir jonk Museker a Schoulen offréiert[8].

Eurovision Song Contest 2018[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Februar 2018 huet d'Netta Barzilai an der 5. Saison vun der Museksshow HaKokhav haBa ("Den nächste Star vun der Eurovision), der israeelescher Originalversioun vun der Emissioun Rising Star, gewonnen[4]. Well déi Show och d'Virentscheedung fir den ESC ass, huet d'Netta Israel bei der Editioun vun 2018 zu Lissabon vertrueden[9]. An der éischter Halleffinall an der Altice Arena zu Lissabon sinn 19 Sänger a Bands géinteneen ugetrueden. Dobäi gouf d'Netta iwwer Televoting an d'Finall gewielt. Nieft dem Bäitrag aus Zypern (Eleni Foureira, Fuego) gouf der Israeelin hiert Lidd "Toy" als grousse Favorit an de Wettbüroe gehandelt[10]. Op der Videoplattform YouTube gouf den ESC-Museksvideo Toy iwwer 45,5 Millioune Mol opgeruff (Stand: 18. Mee 2018).

An der ESC-Finall den 12. Mee 2018 krut d'Netta Barzilai déi drëttmeescht Jury- an déi meescht Spectateurspunkten. Mat am Ganze 529 Punkten huet si de Concours virun Zypern an Éisterräich gewonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Netta Barzilai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://jewish.ru/ru/events/israel/185522/
  2. https://eurovision.tv/story/israel-netta-2018-first-rehearsal-backstage-wrap
  3. https://e.walla.co.il/item/3134497
  4. 4,0 4,1 http://tvmag.lefigaro.fr/programme-tv/eurovision-2018-netta-le-phenomene-venu-d-israel_9d27906e-26a4-11e8-9778-e43ec7d4ebb3/
  5. https://ria.ru/culture/20180513/1520443148.html
  6. Ulrich Gutmair: Israelische Sängerin Netta: Den ESC der Likes schon gewonnen. taz.de (opgeruff dem 17. Mee 2018)
  7. Benjamin Hammer: Eurovision Song Contest: Die Favoritin kommt aus Israel. Bayerischer Rundfunk (opgeruff dem 17. Mee 2018)
  8. Netta Barzilai aus Israel - Wer ist die "Toy"-Sängerin?, miss.at (opgeruff um 17. Mee 2018)
  9. Netta Barzilai ist Israels Rising Star und gewinnt "Hakochav Haba L'Eurovizion"
  10. Erstes Halbfinalle mit zwei Favoritinnen. Westdeutsche Zeitung (opgeruff um 17. Mee 2018)