Nostradamus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Nostradamus ëm 1614, gemoolt vu sengem Bouf César

Den Nostradamus, latiniséiert fir Michel de Nostredame, gebuer de 14. Dezember 1503 zu Saint-Rémy-de-Provence, a gestuerwen den 2. Juli 1566 zu Salon-de-Provence, war Apdikter a wahrscheinlech och Dokter vu Beruff, gouf awer schonn zu Liefzäite fir seng Prophezeiunge berühmt, wouriwwer d'Usiichten awer kontrovers sinn.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säin Urgrousspapp, Jean de Saint-Rémy, war Medeziner a sou huet dee klenge Michel sech fréi fir déi geheimnisvoll Laboratorien a Geschirer intresséiert, an dacks Froe gestallt déi een emol net vu villen Erwuessenen erwaarde géif. Spéider ass hien Apdikter ginn, an ass op Montpellier gaangen, fir do weider Medezin ze studéieren, wat awer net vu laanger Dauer war, well e wéinst sengen deemools onkonventionelle Methoden negativ opgefall a vun der Uni geflunn ass.

Wéi d'Pescht an Europa grasséiert huet, konnt e sech awer eng éischt Kéier beweisen. Anescht wéi déi meescht Doktere vu senger Zäit huet hie keen Oderlooss recommandéiert, mä Bieder a kleng Pëllen, déi hie selwer gedréit huet, an déi e gewëssen antibioteschen Effet haten. Als Peschtdokter ass en dunn der Pescht a Südfrankräich nogezunn fir de Leit souvill wéi méiglech kënnen ze hëllefen.

Sou ass och de Julius Caesar Scaliger, ee vun deene bedeitensten Humaniste vun där Zäit op en opmierksam ginn. En huet den Nostradamus bei sech op Agen geruff, an en do a säin eegent Wëssen ageweit. Den Nostradamus huet laang Zäit do gelieft, sech bestuet an ass Papp vun zwee Kanner ginn. Wéi d'Pescht hire Wee op Agen fonnt hat, konnt den Nostradumus sech zwar selwer virum schwaarzen Doud retten, awer net seng Fra a seng zwee Kanner.

An den nächste fënnef Joer ass en duerch Europa gewandert, fir sech schlussendlech zu Salon néierzeloossen, wou en déi zweetlängsten Zäit vu sengem Liewe bleiwe sollt. En huet sech eng zweet Kéier 1547 bestuet, a krut sechs Kanner. 1550 fänkt en un, Profezeiunge fir d'Landwirtschaft a jäerlechen Almanachen opzeschreiwen, a franséischer Prosa, wat e bis zu sengem Doud och nach weider mécht.

Bei enger kuerzer Visite 1555 an der Buerg vu Paräis ass hien der Kinnigin Catherine vu Medici begéint, déi staark un dat Okkult gegleeft huet a fir déi en Horoskope gemaach huet. An deem Joer huet en och éischt Bicher mat Profezeiungen a Versform verëffentlecht, eegenen Aussoen no a verschlësselter Form, well en d'Verfollegung vun der Kierch gefaart huet. Seng Zukunftsvisioune vu groussem Onheel sollten d'Mënschen dozou beweegen, sech z'änneren an e bessert Liewen ze féieren. Besonnesch a schwéieren Zäiten huet säi Buch eng Oplo no där anerer gehat, a gëtt och haut nach vill verkaaft.

Den Nostradamus ass als räiche Mann mat 62 Joer an der Nuecht vum 1. op den 2. Juli 1566 gestuerwen. Seng Doudesursaach ass Waassersucht, wahrscheinlech eng Folleg vun der chronescher Giicht déi e vill Jore geplot hat an déi zu Niereversoe gefouert huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]