Ocana

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ocana
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Wopen Korsika.png Korsika
Departement Wopen Korsika.png Corse-du-Sud
Arrondissement Ajaccio
Kanton Bastelica
Code Insee 2A181
Postcode 20117
Koordinaten 41° 57' 37" N
08° 56' 06" O
Fläch Uertschaft  2 606 ha
Bevëlkerung Uertschaft  394 (1999)

Ocana ass eng franséisch Gemeng op der Insel Korsika.

D'Uertschaft läit um rietsen Uwänner vum Floss Prunelli, op enger Durchschnëttshéicht vun 350 Meter. Déi déifste Plaz ass am Dall vum Prunelli mat 36 Meter an déi héchsten ass op 1 311 Meter.

Duerch d'Uertschaft féiert eng schmuel Departementsstrooss, d'D3. Vun den Haiser déi zum gréissten Deel aus rosaem Granit gebaut sinn, hunn der en etlech verwëlleft Passagen.

Vum Schlass aus dem 14. Joerhonnert sinn nach just d'Ruinen ze gesinn. D'Kierch Saint-Michel mat dem véiereckegen Tuerm dernieft, steet e bësselchen aus der Uertschaft eraus op enger Kopp.

Am Dall vum Prunelli ass e klenge Séi mat engem Barrage, an an de Bierger leien e puer Wéngerten déi zu der AOC Côteaux d'Ajaccio gehéieren.

Eng bekannt Plaz ass de 715 Meter héije Col de Mercujo mat senge kuerze Serpentinnen tëscht Tolla an Ocana, vu wou aus ee bei kloerem Wieder, eng gutt Vue an d'Griecht vum Prunelli huet an dann hannendrunn an de méi breeden Dall, an op d'Bucht vu Porticcio.

Ocana vun Norde gesinn