Ofdreiwung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Ofdreiwung (medezinesch: abruptio graviditatis) ass de geplangten, virzäitegen Ofbroch vun enger Schwangerschaft, well déi aus den ënnerschiddlechste Grënn net gewënscht ass oder fir d'Gesondheet vun der Fra net a Gefor ze bréngen. Eng Ofdreiwung ënnerscheet sech vun enger Feelgebuert, medezinesch Abort oder Spontanabort genannt, doduerch, datt eng Feelgebuert natierlech resp. medezinesch Ursaachen huet an net geplangt ass an net duerch en Agrëff provozéiert gëtt.

Ofdreiwung ass e ganz ëmstriddent Thema. Am Konflikt stinn do moralesch, ethesch a reliéis Iwwerzeegungen, gesellschaftlech a juristesch Uspréch, wéi och d'Selbstbestëmmmungrecht vun der Fra an d'Recht op Liewe vum Embryo resp. dem Fötus. Doduerch ergi sech ganz ënnerschiddlech bis widderspréchlech ethesch Uerteeler a juristesch Regelungen.

Ofdreiwung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Gesetz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 12. Dezember 2012 regelt d'Ofdreiwung zu Lëtzebuerg nei [1].

Virun 2012 huet d'Gesetz vum 15. November 1978 d'Ofdreiwung geregelt [2]. Bis dunn hat d'Gesetz vun 1879 d'Fro vun der Ofdreiwung geregelt [3].

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun den Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg läit bei ronn 1100 am Joer. Am Planning familial ass d'Zuel vun den Ofdreiwungen vun 245 am Joer 2009 op 558 am Joer 2012 eropgaangen. Ronn 10 % vun den Ofdreiwunge si bei Fraen ënner 25 Joer a ronn 1 % bei Mannerjäregen. Vun deenen 1100 Ofdreiwunge ginn der ronn 1000 duerch Curetage oder Aspiratioun gemaach a ronn 100 mat Hëllef vu Medikamenter. Iwwer Ofdreiwungen no der 12. Schwangerschaftswoch gëtt et keng Statistik.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ofdreiwung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]