Planning familial

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mouvement Luxembourgeois pour le Planning Familial et l' Education Sexuelle, besser bekannt als Planning familial, ass den Numm vun enger Lëtzebuerger A.s.b.l. E gouf den 1. Juni 1965 gegrënnt an huet als Zil, d'(net nëmme jonk) Leit opzeklären, z'ënnersichen an ze beroden, virun allem a Saache Sexualitéit, Schwangerschaftsverhütung a Partnerschaft. Presidentin ass d'Danielle Igniti.

1967 huet deen éischte Centre de Planning Familial, nom Virbild vun deem zu Bréissel, an der Stad seng Dieren opgemaach. Spéider koumen der zu Esch-Uelzecht an Ettelbréck no. Et gouf jorelaang Diskussiounen doriwwer, ob do och e Gynecologue kéint praktizéieren. Laang Joren huet de Planning sech och misse géint kierchlech Kreesser wieren, déi him virgeworf hunn, d'Famill ze zersetzen an d'Leit zur Débauche ze verféieren, dat alles, well seng laangjäreg Direktesch, d'Marie-Paule Molitor-Peffer op RTL-Radio an direkter Sprooch Opklärungssendunge gemaach huet, a Fraen, och jonk Meedercher, beim Planning d'Pëll verschriwwe kréien.

Am éischte Joer hu genee 23 Leit (deemools wéi haut virun allem Fraen) de Planning besicht, 1970 waren et der schonn 2.000 an am Joer 2005 24.000.

Och a Frankräich, der Belsch an der Schwäiz ginn et Associatioune mat engem Numm an enger Zilsetzung, déi bal d'selwecht sinn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Family planning – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen