Onofhängeg Nationalpartei

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Onofhängeg Nationalpartei (frs: Parti national indépendant, dt: Unabhängige Nationalpartei) war eng eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit.

Si gouf 1918 vu fréiere Memberen aus der Rietspartei gegrënnt, vun deenen de bekanntsten den Affekot a spéidere Staatsminister Pierre Prüm war. Dowéinst gouf si och dacks Prüm-Partei genannt.[1]

Chamberwalen 1925[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 1925 huet d'Onofhängeg Nationalpartei just am Walbezierk Norden eng Lëscht opgestallt. Do krut se 80.895 Stëmmen an hir Kandidate Pierre Prüm (11.310 Stëmmen), Théodore Boever (8.465 Stëmmen) an Nicolas Mathieu (8.308 Stëmmen) goufe gewielt.[2][3]

D'Rietspartei hat bei deene Walen hir absolut Majoritéit verluer an de Pierre Prüm ass Staatsminister an der Regierung Prüm ginn, enger Koalitioun aus Liberalen, Sozialisten an den Onofhängeg. Déi konnt sech awer just ee Joer un der Muecht halen.

Chamberwalen 1931[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 1931 ass d'Onofhängeg Nationalpartei net méi ugetruede well si virdrun opgeléist gouf.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Nach den Wahlen - Die Unabhängigen", Luxemburger Wort, 16. Juni 1931, Säit 4
  2. "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  3. "Wahlresultate.", Luxemburger Tageblatt, 4. Mäerz 1925, S. 2