Opuntia microdasys
| Opuntia microdasys | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Opuntia microdasys |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Opuntia microdasys (Lehm.) Pfeiff. |
|||||||||||||||||
D'Opuntia microdasys ass eng Planzenaart an der Gattung vun den Opuntien (Opuntia) aus der Famill vun de Kakteeën (Cactaceae). D'Epithète vun der Aart kënnt vun de griicheschen Adjektiven „μικρός“ (mikros) (kleng) an „δασύς“ (dasys) (mat villen Hoer).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Beschreiwung
D'Opuntia microdasys wiisst a Form vun engem Trausch mat villen Äscht, deen héchstens 1 m héich gëtt. D'Segmenter si längeslzech bis ronn, blatzeg-gréng a kënnen 8 bis 15 cm laang ginn. Op hinne wueesse reng Hoer. Déi opfalend grouss a ronn Areole stinn no beieneen an hunn eng jett goldgile oder brongelzech Glochiden. Et ass ganz sielen, dassen se Daren hunn.
D'Bléié si giel an hunn e roudelzechen Toun, si kënnen en Duerchmiesser bis zu 4 cm hunn. D'Friichte si rout, a Form vun eneger Bull, Früchte a vu villen Areolen bedeckt, déi dicht Glochiden droen.
[änneren] Systematik a Verbreedung
D'Opuntia microdasys ass virun allem an der mexikanescher Chihuahua-Wüst wäit verbreet, bis erof an de Bundesstaat Hidalgo.
D'Aart gouf ënnert hirem Numm 1827 eng éischte Kéier vum Johann Georg Christian Lehmann (1792–1860) beschriwwen.[1] De Ludwig Georg Karl Pfeiffer huet se 1837 an d'Gattung Opuntia aklasséiert.[2]
[änneren] Literatur
- Opuntia microdasys. In: Edward F. Anderson: The Cactus Family. Timber Press: Portland (Oregon), 2001, S. 508, ISBN 0-88192-498-9
- Opuntia microdasys (Lehmann) Pfeiffer In: N. L. Britton, J. N. Rose: The Cactaceae. Descriptions and Illustrations of Plants of the Cactus Family. Washington, 1919, Band I, S. 120-122
- Opuntia microdasys (Lehm.) Pfeiff. In: Curt Backeberg: Die Cactaceae: Handbuch der Kakteenkunde. 2. Auflage, 1982, Band I, S. 575, ISBN 3-437-30380-5
| Commons: Opuntia microdasys – Biller, Videoen oder Audiodateien |