Osbourg-Haus

Vu Wikipedia
Osbourg-Haus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Gréiwemaacher
Plaz Gréiwemaacher
Koordinaten 49° 40’ 44.6’’ N
      06° 26’ 36.7’’ O
Statut Nationaalt Monument

Dat sougenannt Péiter-Osbourg-Haus oder einfach Osbourg-Haus ass en herrschaftlecht Haus a fréieren Zivilhospice aus dem 15. Joerhonnert, an domat wuel dat eelst Gebai zu Gréiwemaacher. Et steet um Eck vun der Tréierer Strooss an der Pierre d'Osbourg-Strooss.[1]

Et geet zeréck op den Péiter vun Osburg (bei Hermeskeil), deen am Joer 1418 der Stad Gréiwemaacher säi ganzt Verméige vermaach huet, mat der Oplo, datt en Hospice fir aarm a krank Leit gebaut sollt ginn. Säin Testament ass vu 1439, an dat Joer ass hien och gestuerwen. Den Hospice misst deemno kuerz dono gebaut gi sinn.

Den Zivilhospice war dem hellege Georges geweit. Vun 1857 bis 1980 hunn d'Schoulschwësteren dra gewunnt, an et gouf och Schoul dra gehalen. 1980 huet d'Gemeng et als Kulturhaus iwwerholl. Vun 1990 bis 2009 war d'Stadbibliothéik dran, dono bis 2016 d'Maacher Museksschoul. 2011 gouf de Gaart an d'Rei gesat.

2017 goufe Pläng virgestallt, fir et ze renovéieren.[2] Dobäi kommen en Ubau mat Trapenhaus a Lift an en zousätzleche Keller fir Sanitäranlagen an als Remise; an den Haff kritt e gliesenen Daach, sou datt do fir eng 50 Leit Concerte gespillt oder Empfäng organiséiert kënne ginn. No der Renovatioun, bei där d'Gebai bis op d'Dunne vun de Stäck entkäert gouf,[3] hätt d'Museksschoul 2020 nees sollen eraplënneren.[4]

Deen Datum gouf méi spéit op Abrëll 2022 no hanne verréckelt. Iwwerdeems si bei de Renovéierungsaarbechten Reschter vu Wandmolereien aus dem Ufank vum 19. Joerhonnert an engem Raum, dee fréier als Hauskapell vum Hospitz benotzt gouf, fonnt ginn. Si goufen am renovéierte Sall nogemoolt.[5]

Den 21. Juni 2017 gouf d'Osbourg-Haus als nationaalt Monument klasséiert.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Gréiwemaacher: "Touristesches mat engem Schotz Geschicht." op grevenmacher.lu.
  2. Anne-Aymone Schmitz: "Historische Maueren mit glasüberdachtem Hof." Luxemburger Wort 18./19.Februar 2017, S.38.
  3. "Grevenmacher: Osbourg-Haus komplett entkernt." wort.lu, 2019-04-16.
  4. "Regionale Musikschule Grevenmacher wird in das denkmalgeschützte Peter von Osbourg Haus zurückkehren." op maacher.dp.lu, 17.02.2017.
  5. Zufällig entdeckte Wandmalerei im Osbourg-Haus glänzt wieder." wort.lu, 08.03.2022.
  6. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).