Osrhoene

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Osrhoene
ܡܠܟܘܬܐ ܕܒܝܬ ܥܣܪܐ ܥܝܢܐ
Osrhoene: blo
Osrhoene: blo
Offiziell Sprooch: Syresch, Algriichesch, Armeenesch
Haaptstad: Edessa
Staatsform: Kinnekräich
Fläch: ? km²
Bevëlkerung:

Osrhoene, oder Osroene, Osrohene (op Aramäesch: ܡܠܟܘܬܐ ܕܒܝܬ ܥܣܪ ܥܝܢܐ, op Algriichesch: Ὁσροηνή, op Armeenesch: Օսրոյենե) war e Kinnekräich um Territoire vun der haiteger Tierkei, dat vun 132 v. Chr. bis 244 n. Chr. bestanen huet. An där Zäit war et och e Strapp eng réimesch Provënz.

D'Haaptstad war Edessa, do wou haut déi tierkesch Stad Şanlıurfa läit.

Osrhoene war eent vun den éischte chrëschtleche Länner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Osrhoene – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]