Pabeierindustrie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pabeierindustrie)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Pabeierfabrik Lamort zu Senningen. Zeechnung vum Nicolas Liez.

D'Pabeierindustrie ass eng vun de ganz ale Mëttel-Industrien zu Lëtzebuerg. Deemools ass d'Waasserkraaft nach benotzt ginn, fir déi noutwendeg Energie ze produzéieren. Dat erkläert och, firwat an där Zäit vu Pabeiermillen Rieds gaangen ass. Mir wëssen, datt de Guillaume La Payrade schonn 1721 d'Erlaabnes kritt huet, fir zu Senneng Pabeier ze produzéieren. 1824 huet de Jacques Lamort, Editeur a Libraire zu Lëtzebuerg, déi Sennenger Pabeierfabrécken beim haitege Sennenger Schlass iwwerholl. 1828 gouf dunn och nach vun him eng Tapéitefabréck zu Clausen opgemaach.

Am Joer 1837 huet de Jacques Lamort sech an der Manternacher Millen akaaft an do um Site Les Rochers eng Pabeierfabréck opgemaach, déi vu sengem Fils Sigisbert virugeféiert ginn ass.

1835 huet en d'Tapéiteproduktioun op Senneng verluecht. D'Tapéiten, déi "en ordinaire", "en glacé", "en doré" oder "en velouté" ausgefäerdegt goufen, hu sech international gutt verkaaft.[1]

1845 huet dem Jacques säi Jong Léon Lamort d'Entreprise iwwerholl. Ëm déi 200 Leit hunn dunn am Lamort senge Pabeierfabrécke geschafft. Dës huet floréiert, bis den Däitsch-Franséische Krich den Ofsaz a Frankräich abrieche gelooss huet. D'Produktioun goung och zréck, well d'Konkurrenz vu Pabeier aus Holz amplaz aus Lompen, ëmmer méi staark gouf.[1]

1882 gouf d'Fabréck zu Senneng zougemaach. De franséischen Industriellen Ernest Dervaux gouf neie Proprietär vun de Gebaier. D'Manternacher Fabréck huet sech méi schlecht wéi recht bis nom Éischte Weltkrich duerchgeschloen.

Vollstännegkeetshalber sollten och d'Pabeierfabréck vu Fëschbech an d'Kartongsfabréck vu Wolz ernimmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Le château de Senningen: Historique", Centre de Communications du Gouvernement. gekuckt 2013-04-19.