Parisii

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Goldmënz vun de Parisii, ca. 100-50 v. Chr.,
Musée Carnavalet, NM 4

D'Parisii waren e keltesche Stamm aus der Eisenzäit, dee bis zu der Zäit vum réimeschen Imperium um Bord vun der Seine gelieft huet. Hir gréisste Stad (Oppidum) war Lutetia Parisiorum, déi ënnert de Réimer - ënnert dem Numm Lutetia - e wichtegt Zentrum vun dëser Regioun ginn ass. Heirausser ass spéider d'Stad Paräis entstanen.

Während dem Galliefeldzuch vum Julius Caesar (De Bello Gallico) hunn d'Parisii un der Säit vum Vercingetorix géint d'réimesch Eruewerer gekämpft. Et ass méiglech, datt verschiddener vun hinnen no der Néierlag a Britannien geflücht sinn. Méi wahrscheinlech ass et allerdéngs, datt si scho virdrun, während der belscher Immigratioun iwwert d'Mier ausgewandert sinn.

D'réimesch-britesch Parisii-Stämm an der Géigend vun Ost Yorkshire an Humberside a Britannien stame mat grousser Sécherheet vum keltesche Stamm of.

D'Begriefnisritualer vu béide Stämm ënnerscheede sech nëmme minimal, an d'Arras Kultur, déi ronderëm East Yorkshire an der fréier La-Tène-Zäit gewunnt huet, weist eendeiteg kontinental Aflëss. Begriefnisser, bei denen de Verstuerwenen an e Gefiert nieft eng quadratesch Schubkar geluecht gouf, goufen a béide Regioune fonnt.

[änneren] Literatur zum Thema

  • Venceslas Kruta, Les Celtes, histoire et dictionnaire, Robert Laffont, Paräis.

[änneren] Um Spaweck

Wikisource: De Bello Gallico – Quellentexter
Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Commons: Parisii – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen