Park Belval
Ausgesinn
De Parc Belval, laanscht d'Waassertrap | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Plaz | Belval |
Koordinaten |
49° 30’ 23.80’’ N 05° 56’ 24.50’’ O |
Geschicht | |
Ugeluecht | 2012-2014 |
Bauhär | Société de développement Agora |
Architekt |
Elyps Agence Ter |
Dimensiounen a Geographie | |
Fläch | 20 ha |
De Park Belval ass en ëffentlechen Natur- a Fräizäitpark, deen am Hierscht 2014 ageweit gouf. E läit um Terrain vun der Gemeng Suessem.[1]
Et ass en Deel vum Quartier Belval, huet eng Fläch vun am Ganze ronn 20 Hektar a besteet aus dräi Deeler: dem Park Belval Süd (9,86 ha), dem Park Belval Nord (7,95 ha) an der Waassertrap (2,08 ha).[1]
De Park Belval ass a verschidde Beräicher, sougenannt Themegäert, wou ee sech ausrouen oder och spille kann, agedeelt.
Et gëtt Infrastrukture fir Foussball, Volleyball oder Streetball ze spillen, souwéi och e Skatepark an e Kiosk mat Sonnenterrass. De 700 m² grousse Skatepark ass am Juni 2012 fir de Public opgaangen.[2]
Architektebüroe sinn Elyps (NL) an Agence Ter (F/D).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Parc Belval an der Maach, 2013.
-
De Parc Belval an der Maach, 2013.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Kaart vum Park Belval
- ↑ Belval in der Hand von Skatern op wort.lu vum 10. Juni 2012