Pascal Obispo

Vu Wikipedia
Pascal Obispo
Gebuertsnumm Pascal Michel Obispo
Pseudonym Le plus beau chauve, Vitoo
Gebuer 8. Januar 1965
Bergerac
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Librettist, Schauspiller, Komponist, Liddertexter

De Pascal Obispo, gebuer den 8. Januar 1965 zu Bergerac, ass e franséische Sänger a Komponist. An den 1990er an an den 2000er war hien ee vun den erfollegräichste Kënschtler a Frankräich. Hien huet och Lidder fir aner Sänger geschriwwen, besonnesch fir de Florent Pagny an d'Natacha St-Pier.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1990er: Um Wee zum Superstar[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Pascal Obispo an den 1980er Joren zu Rennes a verschiddene Rock an New-Wave-Gruppen aktiv war huet hien 1990 den Album Le Long du fleuve erausbruecht.[1] Deen huet et him erméiglecht, e Kontrakt mam grousse Plackelabel Epic ze ënnerschreiwen, bei deem 1992 den zweeten Album Plus que tout au monde verëffentlecht gouf. Den Erfolleg vun där Plack ass der Singlauskoppelung mam selwechten Numm an dem Lidd Tu vas me manquer ze verdanken, déi et bis op déi 38. respektiv bis op déi 16. Plaz vun de franséische Singlecharts gepackt hunn.

Och den Album Un jour comme aujourd'hui (1994) koum un de Succès vu sengem Virgänger erun, mat Titele wéi Tombé pour elle (#12 a Frankräich) an Tu compliques tout (#21). Den Album gouf vun der Musek vum Michel Polnareff (vun deem den Obispo d'Lidd Holidays gecovert huet) an de Beatles inspiréiert. Schlussendlech huet e sech iwwer eng Hallef Millioun mol verkaaft. D'Joer drop huet hien de Lidderschreiwer Lionel Florence kennegeléiert, mat deem hien d'Titellidd fir d'TV-Serie Sous le soleil geschriwwen huet. Déi zwee hunn duerno nach vill a reegelméisseg mateneen kollaboréiert.

Nodeems de Pascal Obispo op 13 Concerte vum Céline Dion als Virgrupp opgetrueden ass, huet den Album Superflu de Pascal Obispo 1996 definitiv als franséische Pop-Superstar etabléiert. Dank de Lidder Personne (#9 a Frankräich), Il faut du temps (#40), Lucie (#6) an dem Duett Les meilleurs ennemis mam Zazie (#39) goufen iwwer eng Millioun Exemplaire vun der Plack verkaaft. Schonn Ufank des Joers war d'Zazie mam Titel Zen, dat vum Obispo geschriwwe gouf, an den Charts gelant. Och fir aner Kënschtler huet den Obispo Lidder geschriwwen, zum Beispill den Titel Savoir aimer fir de Florent Pagny, deen 1997 wochelaang op der éischter Plaz vun de Singlecharts a Frankräich an an der franséischsproocheger Belsch stoung. D'Joer drop huet hien dem Johnny Hallyday säin Album Ce que je sais produzéiert a mam Lionel France d'Benefizsingle Sa raison d'être geschriwwen, déi vun 42 bekannte Kënschtler agespillt gouf. D'Suen sinn un de Kampf géint HIV/Aids gaangen. Am Juli 1997, wärend engem Concert zu Ajaccio a Korsika, huet een 19-järege Mann mat engem Gewier op den Obispo geschoss. Un deen Tëschefall erënnert e Läinzeechen um lénksen Aperhoer.[2],[3]

Nom Livealbum Live 98, dee wärend der Tournée Superflu opgeholl gouf, huet den Obispo 1999 dem Patricia Kaas säin Album Le mot de passe produzéiert an op e puer Lidder um neien Album (RéCréation) vum Florent Pagny matgeschafft. Am Dezember dunn huet hie selwer säi fënenfte Studiosalbum, Soledad erausbruecht, vun deem 700.000 Kopie verkaaft goufen a vun de Singelen Soledad, L'important c'est d'aimer (#32), Pas besoin de regrets (#43) a Ce qu'on voit Allée Rimbaud (#29) gedroe gouf.[1]

Les dix commandements a Fan[änneren | Quelltext änneren]

Wärend bal engem Joer huet den Obispo um Musical Les dix commandements geschafft, dat am Oktober 2000 seng Première am Palais des sports zu Paräis gefeiert huet. Et erzielt d'Geschicht vum Moses an den 10 Geboter a war e risegen Erfolleg a Frankräich. Déi éischt Single, L'envie d'aimer, huet sech iwwer 1,5 milliounemol verkaaft a stoung wochelaang op der zweeter Plaz vun de franséischen Charts. De Musicalalbum huet sech och iwwer eng Millioun mol verkaaft. An de siwe Joer, an deenen de Spektakel gespillt gouf, hat e ronn 1,8 Milliounen Zuschauer.[4] Spéider am selwechte Joer huet hien den Titel Noël ensemble um kollaborative Benefizalbum mam selwechten Numm komponéiert.

2001 gouf den Obispo bestuet a Papp vun engem Jong, deen hien zum Lidd Millésime (#3) inspiréiert. 2001 krut hien e Präis fir den "Artiste masculin de l'année" bei den NRJ Music Awards. D'Joer drop huet hien dem Natasha St-Pier säin erfollegräichen Album De l'amour le mieux produzéiert, op deem och den Titel Tu trouveras ze fannen ass. Och op hire spéideren Albume schafft hie mat der kanadescher Sängerin zesummen. Si huelen 2004 d'Duett Mourir demain (#7) op.

2003 packt den Obispo et fir d'éischte Kéier a senger Karriär op d'Nummer Eent an de franséische Singlecharts, an dat mam Lidd Fan. Mat Zinédine (#8) séngt hien am selwechte Joer och en Hommage un de Zinédine Zidane. Studio Fan - Live Fan, en Duebelalbum an Hommage un de Michel Polnareff, gëtt 2004 verëffentlecht. Fir seng Tournée Fan Tour, déi iwwer eng hallef Millioun Zuschauer unzitt, gewënnt den Obispo eng Victoire de la musique. 2006 kënnt säi siwente Studiosalbum Les fleurs du bien eraus. Bekanntste Lidder sinn do Rosa, dat iwwer d'amerikanesch Mënscherechtlerin Rosa Parks handelt, déi 2005 gestuerwe war, an den Duett 1980 mam Melissa Mars (#5).

Zesumme mam Fatal Bazooka parodéiert hien am Januar 2007 mam Titel Mauvaise foi nocturne d'Lidd Confessions nocturnes vum Diam's an dem Vitaa. Et steet 12 Woche laang an den Top 10 a Frankräich, dovu fënnef op der éischter Plaz.

Am Abrëll 2009 verëffentlecht hien ënnert dem Pseudonym "Captain Samouraï Flower" den Album Welcome to the Magic World of Captain Samouraï Flower, deen gemëschte Kriticke krut an och kommerziell manner erfollegräich wéi seng Virgänger war. Déi éischt Single war Le drapeau (#6).

Zënter 2010[änneren | Quelltext änneren]

D'Trupp vum Musical Adam et Ève

Zéng Joer nom Succès vu Les dix commandements gouf am Juni 2010 den zweete Musical vum Pascal Obispo presentéiert: Adam et Ève: La seconde chance. Trotz Honnerte vu Kostümer, villen Dänzer an engem Budget vun 10 Milliounen Euro war d'Show e kommerzielle Mësserfolleg. Si spillt an enger futuristescher Zukunft, déi näischt mat der biblescher Geschicht vum Adam an dem Eva ze dinn huet. D'Musical gouf tëscht dem 31. Januar an dem 25 Mäerz 2012 zu Paräis opgefouert, mee vun der Kritik net gutt opgeholl.[5],[6],[7] Eng Tournée am Rescht vu Frankräich huet missen ofgesot ginn, offiziell wéinst der "dégradation du climat économique".[8],[9] Den Album, deen dozougehéiert, gouf trotzdeem nach mat Gold-Status zertifiéiert.

Dräi Joer duerno ass dem Pascal Obispo säi "Best Of" Millésimes erauskomm, dee seng zwanzegjäreg Karriär retracéiert an op deem zwee nei Lidder ze fannen sinn, dorënner d'Single Tu m'avais dit (#62). Duerno ass den Obispo nees op Tournée gaangen, de Millésimes Tour. Am September 2013 ass D'un Ave Maria (#33) erauskomm, déi éischt Singleauskoppelung vum Album Le Grand Amour, deen duebele Platinstatus erhalen huet.

Um Album Billet de femme (2016) stamen d'Texter vun der franséischer Dichterin Marceline Desbordes-Valmore (1786-1859). Am selwechte Joer huet hien och dem Vincent Niclo säin Album 5.Ø produzéiert,[10] an am Dezember ass d'Lidd La bonne nouvelle virgestallt ginn. Et ass den éischten Auszuch vum Obispo sengem drëtte Musical Jésus, de Nazareth à Jérusalem. Et behandelt erëm en Theema aus der Bibel an erzielt déi lescht dräi Joer am Liewe vum Jesus. Déi éischt Virstellunge waren de 17. Oktober 2017 am Palais des sports zu Paräis.

2018 an 2020 war den Obispo de "Coach" an der 7. Staffel vun der franséischer Castingshow The Voice : La Plus Belle Voix.[11]

Dem Pascal Obispo säin 12. Studioalbum France koum 2021 op de Maart. D'Lidder dorop hat hie méi wéi 20 Joer virdru fir d'France Gall geschriwwen, dat se awer refuséiert hat, an déi du vun anere Kënschtler opgeholl goufen. Déi selwecht Lidder goufe fir den Album France vum Obispo selwer nei opgeholl.[12] En huet et op déi zweet Plaz vun de franséischen Albumcharts gepackt a gouf d'Joer drop an enger neier Versioun mat dräizéng zousätzleche Lidder ënnert dem Titel Histoires 2 France erausbruecht.[13]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

De Pascal Obispo (lénks) 2011 wärend engem Benefizconcert mam Bénabar

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990: Le Long du fleuve
  • 1992: Plus que tout au monde
  • 1994: Un jour comme aujourd'hui
  • 1996: Superflu
  • 1999: Soledad
  • 2004: Studio Fan - Live Fan
  • 2006: Les Fleurs du bien
  • 2009: Welcome to the Magic World of Captain Samouraï Flower (als Captain Samouraï Flower)
  • 2013: Le grand amour
  • 2016: Billet de femme
  • 2018: Obispo
  • 2021: France (Neioplag: Histoire 2 France)

Livealbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998: Live 98
  • 2001: Millésime Live 00/01
  • 2007: Les Fleurs de Forest
  • 2016: Billet de femme (Le concert symphonique)

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Millésimes

Lidder als Sänger (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992: Plus que tout au monde
  • 1993: Tu vas me manquer
  • 1995: Tombé pour elle
  • 1995: Tu compliques tout
  • 1996: Personne
  • 1996: Lucie
  • 1997: Les meilleurs ennemis (mam Zazie)
  • 1998: Assassine
  • 1999: L'important c'est d'aimer
  • 2001: Ce qu'on voit, allée Rimbaud
  • 2001: Millésime
  • 2003: Fan
  • 2003: Zinedine
  • 2004: Mourir demain (mam Natascha St-Pier)
  • 2006: 1980 (mam Melissa Mars)
  • 2007: Nouveau voyage (C'est la vie) (mam Baby Bash)
  • 2009: Le drapeau
  • 2013: D'un Avé Maria

Lidder als Songwriter (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pascal Obispo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Fabien Lecoeuvre op bfmtv.com: Les secrets d'alcôve sur PASCAL OBISPO (31. Mee 2013)
  2. L'Humanité: Ajaccio: l'agresseur de Pascal Obispo mis en examen (31. Juli 1997)
  3. L.R. op purepeople.com: Pascal Obispo a renoué avec la Corse, où il ne s'était pas rendu depuis 12 ans... après s'être fait tirer dessus en plein concert ! (21. August 2009)
  4. Les dix commandements um Site vun der Accor Hotel Arena (gekuckt den 1. Mäerz 2018)
  5. musicalavenue.fr Critique : “Adam et Ève – La Seconde Chance” au Palais des Sports de Paris et en tournée (7. Februar 2012)
  6. Gilles Médioni op lexpress.fr: Adam et Eve, comédie musicale mièvre mais maîtrisée (8. Mäerz 2012)
  7. Sacha Reins op lepoint.fr: Adam & Eve : pas de chance (22. Februar 2012
  8. Huffington Post Frankräich: Annulation d'Adam & Eve : fin de tournée pour la comédie musicale de Pascal Obispo (27. August 2012)
  9. voici.fr: Pascal Obispo : la tour­née de sa comé­die musi­cale Adam & Eve annu­lée (28. August 2012)
  10. Clara Lemaire op musique.orange.fr: Vincent Niclo collabore avec Pascal Obispo sur son nouvel album (22. August 2016)
  11. Fabien Morin op bfmtv.com: Pourquoi TF1 a recruté Pascal Obispo comme nouveau coach de The Voice (27. Januar 2018)
  12. francebleu.fr: Découvrez "France", l'album de Pascal Obispo écrit pour France Gall vum Julien Lagueyrie (29. Oktober 2021)
  13. rfm.fr: Pascal Obispo: « Histoires 2 France », la réédition de son album « France », sortira le 21 octobre ! (21. September 2022)