Passe-Vite

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Passe-vite)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Passe-Vite ass de Markennumm vun enger Geméismillen dee sech zu engem Begrëffsmonopol entwéckelt huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Mäerz 1928, krut Monsieur Victor Simon, 125, rue du Polychène à Morlanwelz (Belsch), e Patent fir d'Erfindung Passoire d'action rapide pour légumes et autres comestibles vum Ministère belge de l’industrie du travail et de la prévoyance sociale ënner der Nummer 348610. D'Mark Passe-Vite ass den 2. Mäerz 1928 enregistréiert ginn an déi éischt international Registréierung passéiert den 18. November 1929.

« Si l’on adopte cet appareil pour des travaux culinaires, on peut arriver en une minute à y faire passer la quantité de légumes qui est nécessaire pour un repas de huit personnes, et ce avec toute facilité, sans l’inconvénient de faire passer du même coup les peaux et parties coriaces (haricots, tomates, etc) grâce au ressort qui exerce sa compression vers le bas. Le dispositif est en outre très solide, et se prête au traitement de n’importe quel comestible, purées, compotes, préparation de pâtisseries et ainsi de suite », steet an der Introduktioun vum Brevet.

D'industriell Benotzung vun dëser Erfindung geschitt 1929, wéinst dem Treffen tëscht Victor Simon an Denis Richard. An där de Victor Simon dem Denis Richard d'Hallschent vu sengem Erfindungspatent a senge Perfektionéierungspatenten iwwerweist fir 100 Belsch Frangen. Si grënnen den 31. Mäerz 1929 eng Partnerschaft ënner dem Numm "Simon et Denis" déi sech bedeelegt an "la fabrication et la vente d’articles de ménage en général et, en particulier, l’exploitation des brevets n° 275276, 351911, 279509, se rapportant à une passoire mécanique d’action rapide pour soupe, légumes, etc de la marque « Passe-Vite », perfectionnement n° 348610". D'Entrepise huelt d'Form vun enger Aktiegesellschaft am Joer 1935, plënnert no Carnières (Belsch), an inauguréiert d'Participatioun am Kader vum Kapital vun der Firma: Déi gréisst Undeeler gehéiere prinzipiell dem Fabréckendirekter, dem Comptabel an d'Commerceresprestanten.

D'Firma deklaréiert seng Faillite de 6. Mäerz 1978, 50 Joer no der Erfindung vum Passe-Vite, souguer wa se an der Tëschenzäit aner Produiten hunn an hirem Katalog : eng Geméismille mat ausbaubarem Still, eng Geméisrapp, eng Keisrapp, eng Kaffismillen vun der Mark PAVI, en elektresche Mixer, etc. Hire Reklammslogan ass bliwwen a huet seng Quellen an der Deskriptioun vun der Erfindung : « Passe-Vite est une passoire mais toutes les passoires ne sont pas des Passe-Vite ».

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]