Patagonesch Zypress

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Patagonesch Zypress
Patagonesch Zypressen

Patagonesch Zypressen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Nolholzplanzen
Klass: Pinopsida
Uerdnung: Pinales
Famill: Zypresseplanzen
Gattung: Fitzroya
Aart: Patagonesch Zypress
Wëssenschaftlechen Numm
Fitzroya cupressoides
I.M.Johnst.“.


D'Patagonesch Zypress Fitzroya cupressoides (Molina) I.M.Johnst. ass déi eenzeg Aart an der Gattung Fitzroya. Si kënnt an der fräier Natur nëmmen a Chile fir. An Europa fënnt e se a Parken an an Arboretummen, a Géigende wou d'Wänter mëll sinn, z.B. a Südengland wou se awer och nëmme bis 18 Meter héich gëtt.

Hir Schuel ass donkelbrong, mat déiwe Rëss, a se bliedert of.

D'Kroun ass bei de jonke Beem kegelfërmeg, déi deck Äscht stinn zimlech riicht d'Luucht aus, an déi jonk Schëtz hänken no ënnen.

D'Blieder sinn 2-4 mm laang. Si sinn donkel blo-gréng a sëtzen all Kéiers zu 3 beieneneen. Se hunn op all Säit 1-2 kleng wäiss Sträifen.

Den Numm Fitzroya krut se fir de Vize-Admirol Robert FitzRoy ze éieren.

Commons: Fitzroya – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen