Paul O. Husting
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Paul Oscar Husting, gebuer de 25. Abrëll 1866 a gestuerwen den 21. Oktober 1917, war Member vun der amerikanescher demokratescher Partei an huet an där Qualitéit de Staat Wisconsin am U.S.-Senat vertratt, an zwar vun 1915 bis 1917. Hie war vu lëtzebuergescher Ofstamung.
Hie gouf zu Fond du Lac, Wisconsin gebuer, an hat en Diplom am Droit vu der Rechtsfakultéit vu Wiscosin. Seng Carrière huet hien als Affekot ugefaangen. Hie war vu 1907 bis 1913 am Senat vu Wisconsin an huet duerno Wisconsin vu 1915 bis 1917 (bis zu sengem Doud) am USA-Senat vertratt.
Hien ass 1917 bei enger Intejuegd duerch en Accident ëmkomm a gouf um Graceland Kierfecht zu Mayville, Wisconsin begruef.
