Perserkaz

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Perserkaz
Standard
Standardnumm PER (FIFé)
Patronat Iran
Héicht um Genéck ? cm
Gewiicht ?
Lëscht vu Kazerassen

D'Perserkaz gehéiert zu den eelsten a populäerste Kazerassen. Perserkazen deele sech mat exotesche Kuerzhoerkazen a Colourpoints e gemeinsame Standard. Ënnerscheeder weise se nëmmen an der Pelz-Längt, -Textur an an der -Faarf.

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Opzeechnungen iwwer d'Perserkaz si géint 1520 datéiert. De geneeën Urspronk vun der Rass ass onkloer. Méiglecherweis staamt se vun Angorakazen aus der Tierkei of, an déi aner laanghoereg Rassen aus dem deemolege Persien (haut Iran), Afghanistan, Burma, China etc. agekräizt goufen. D'Kinnigin Victoria an aner Membere vum englesche Kinnekshaus haten eng Virléift fir blo Perserkazen an hunn domat d'Popularitéit vun där Rass gesteigert. Déi meescht Perserkazen, déi 1871 op der éischter Kazenausstellung an England gewise goufen, ware schwaarz, blo oder waiss. Blo a schwaarz Perserkazen hunn zunächst als besonnesch wäertvoll gegollt. 1901 gouf d' Blue Persian Cat Society gegrënnt a kuerz drop den éischte Standard fir Perserkazen erstallt. Haaptsaach war heibäi e gläichméissegt, dicht Fell an enger unis Faarf.

Kuerzbeschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Perserkaz ass grouss bis mëttelgrouss. Si huet e ronne Kapp, mat klengen, wäit ausernanergesaaten Ouren (Ourespëtze si ronn), grouss oppen a ronn Aen an eng kuerz Nues. D'Aefaarf variéiert jee no Pelzfaarf tëscht orange/kofferfaarf, blo a smaragdgréng. Hir Bee si kuerz, kräfteg a si huet déck Patten, de Schwanz ass zimmlech kuerz, awer staark behoert (puschelege Schwanz). De Pelz ass laang, dicht, seideg a mat vill Ënnerwoll. Si muss wärend dem Pelzwiessel (Fréijoer an Hierscht) reegelméisseg, am beschten all Dag gekämmt a gebiischt ginn, fir Verfilzungen z'evitéieren. Opgrond vun hirem dichte Pelz an der domat verbonnener néideger Pfleg ass d'Perserkaz fir d'Wunnéngshalung prédestinéiert. Vum Charakter ass d'Perserkaz eng roueg an ausgeglache Perséinlechkeet, déi awer och geneesou wéi aner Kazen ausgeloosse spillt a schmuust.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ulrike Müller: Perserkatzen, Gräfe & Unzer, 1999
  • Carola Ruff: Perserkatzen. Kauf, Haltung, Pflege. Neumann-Neudamm, 1995

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Persian (cat) – Biller, Videoen oder Audiodateien