Pied à coulisse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Pied à coulisse och nach Schibleer ass en Instrument fir Längten ze moossen. De Pied à coulisse gëtt haaptsächlech am Maschinnebau gebraucht fir baussecht Duerchmiessere vu Maschinnendeeler (wéi z.B Schrauwen oder Pistonen) ze mossen oder bannenzecht Duerchmiessere vu Buerungen. Normalerweis ass och nach e Miessstaf dru fir Déifte vu Buerungen ze mossen.
Eng besonnesch Zort vu Schibleer ass d'Klupp, déi an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt fir Duerchmiessere vu Beem ze moossen.
| Commons: Pied à coulissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
