Pieter van den Keere

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Grenzverlaf vum Herzogtum Württemberg am Ufank vum Drëssegjärege Krich. Kaart vum Pieter van den Keere

De Pieter van den Keere, och Peter Kaerius, gebuer am Joer 1570 zu Gent a och do gestuerwen am Joer 1630 war e belsche Kofferstiecher a Verleeër.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Pieter van den Keere gouf 1570 als Jong vum Buchdrécker a Schrëftgéisser Hendric van den Keere dem Jéngsten zu Gent gebuer. Op Grond vu reliéisen Onrouen a Verfolgungen goung hien op London, wou hien eng Schaff als Kofferstiecher fonnt huet.

Seng éischt Stécher sinn an John Nordens "Speculum Britanniae" (1593) ze fannen, dorënner Vueë vu London an der Westminsterabtei aus der Vulleperspektiv. 1596 koum de Van den Keere no Holland zréck an huet sech zu Amsterdam niddergelooss, wou hie bis zu sengem Doud gelieft a geschafft huet.

Nieft senger Aarbecht als Kofferstiecher war hie vu 1609 un och Editeur. Sou huet hien ë. a. 1613 en puer Globen un d'Rotterdamer Admiralitéit geliwwert. 1617 huet hien den hollänneschen Atlas Germania inferior publizéiert, mat sengem Numm als Auteur a mat eegene Kaarten. Nieft verschiddenen topographeschen Eenzelblieder ë. a. vun Amsterdam (1618), Nürnberg (1619) an dem Herzogtum Württemberg (1619) huet de Van den Keere 1621 eng Weltkaart gestach, den Nova totius terrarum orbis, déi beim Jan Janszoon zu Amsterdam erauskoum.

No 1620 schéngt et, wéi wann hien e groussen Kofferstéchhandel bedriwwen hätt.

Hien ass 1630 zu Gent gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pieter van den Keere – Biller, Videoen oder Audiodateien