Pingo
E Pingo (Inuktitut: Hiwwel) ass eng Këppchen déi méi oder wéineger ronn ass, an eleng a Gebidder mat Permafrascht ze fannen ass. De Pingo besteet aus engem Aiskär, enger sougenannter Äislëns déi am Buedem läit, an dem Buedem deen driwwer ass, an dee vum Äis an d'Luucht gehuewe gouf.
Pingoë fënnt een an Nordamerika, Nordsibirien, am Norde vum Ural, op Grönland, an der Antarktis, an Alaska an op Spitzbergen.
A Sibirien si Pingoen ënner dem jakuteschen Numm bulganniakh bekannt.
Pingoruin [änneren]
Pingoruine si Sanken am Terrain déi no der Äiszäit enstane sinn, wéi et a Mëttel- a Westeuropa méi waarm gouf, an d' Äis geschmolt ass. Eng grouss Parti vun esou Dällte fënnt en am Héije Venn. Do ginn se Vivier genannt, a sinn d'Reschter vu pingoähnleche Formatiounen, Palsa genannt. Och an Holland sinn der ze fannen. Eng vun de bekannte Pingoruinen ass d'Esmeer tëscht Veenhuizen a Boven-Smilde.
| Commons: Pingos – Biller, Videoen oder Audiodateien |