Plow
Plow (usb. Osh/Palov, russ.: плов/Plow) ass en ursprénglech orientalesche Plat, deem säin Haaptbestanddeel Räis ass. E gëtt an Zentralasien an enger grousser Pan oder engem Dëppe mat Hämmelfleesch (eventuell Randfleesch), Fett oder Ueleg, Muerten an Ënnen gekacht. Duerno kënnt Laangkärräis derbäi, an dee ganze Knuewleck vergruewe gëtt, an da gëtt dat Ganzt mat Waasser bedeckt, gekacht an duerno mat zouenem Deckel gedämpft.
Et gëtt eng Abberzuel lokal Varianten, dorënner och méi séisser wou gedréchent Abrikosen oder Korinten driwwer gestreet a matgekacht ginn.
Usbekesche Plow gëllt als dee mat deem eelsten an authenteschste Rezept. En ass do da beléifstent Iessen a gëtt traditionell op all Donneschden a Sonnde grad esou wéi fir Festiesse vu Männer gekacht.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Plow – Biller, Videoen oder Audiodateien |