RMS Queen Elizabeth 2
| RMS Queen Elizabeth 2 | |
| Seng Carrière | |
|---|---|
| Bestallt: | 1964 |
| Ufank vum Bau: | 5. Juli, 1965 |
| Stapellaf: | 20. September, 1967 |
| Gedeeft: | 20. September, 1967 vun der Kinnigin Elizabeth II |
| Éischt Rees: | 2. Mee, 1969 |
| Elo: | am Déngscht |
| Allgemeng Karakteristiken | |
| Tonnage: | 70,327 BRT |
| Verdrängung: | 48,923 (gelueden) |
| Lengt: | 293.5 m (963 ft) |
| Breet: | 32.03 m (105 ft) |
| Déifgang: | 9.87 m (32 ft) |
| Héicht: | 52.2 m (171 ft 4 in) |
| Motorleeschtung: | 9 x 10,625 kW mat 400 rpm |
| Propulsioun: | 9 MAN 9-cylinder medium speed Turbo-Diesel Maschinnen mat zwéi fënnefbliederege Propelleren |
| Vitesse: | 32.5 Kniet (61 km/h), 20 Kniet (37 km/h) hannertzeg |
| Kapazitéit: | 1,756 Passagéier 1,892 (all berths) Passagéier 1,015 Offizéier an Equipage |
| Et huet kascht: | £29,091,000 |
D'RMS QE2 ass e Passagéier-Schëff vun der Cunard Linn, dat haut als Schëff fir Croisièrë benotzt gëtt.
D'Queen Elizabeth 2 (QE2) war 35 Joer laang d'Flaggschëff vun der britescher Cunard-Reederei, bis se 2004 vun der Queen Mary 2 ofgeléist gouf.
D'QE2 war, bis zum Bau vun hirer Nofolgerin, dat lescht grousst Transatlantik-Linneschëff a war éi se Dieselmotore krut, dat lescht Passagéierdampschëff mat Uelegfeierung op enger regelméisseger Atlantikroute. Den Damp koum vun dräi Kesselen, déi pro Dag 520 Tonne Brennes gebraucht hunn. Während hirem Déngscht als Cunard-Flaggschiff war se iwwerall an der Welt am Asaz, elo gëtt se als Croisièreschëff benotzt, dat zu Southampton (England) doheem ass.
Mat 70.327 BRT, 294 Meter Längt, 32 Meter Breet an enger Spëtzevitesse von 32,5 Kniet (ca. 60 km/h) ass se ëmmer nach engt vun de gréissten a séierste Passagéierschëffer um Mier.
D'Queen Elizabeth 2 ass méi grouss wéi d'Titanic, awer méi kleng wéi hir Virgängerin d'RMS Queen Elizabeth an hir Nofolgerin RMS Queen Mary 2, sou datt se duerch de Panamakanal fuere kann. D'QE2 huet Plaz fir 1.892 Passagéier an 1.015 Besatzungsmemberen, also am ganze fir 2.915 Mënschen. Si huet 5 Restauranten, 2 Cafeeën, 3 Swimmingpoolen, eng Bibliothéik, e Spidol an e Kinossall fir 481 Leit. Ausserdeem nach e Pub, Nightclub, e puer Baren, e Casino, eng Shoppingpromenade an e Fitness-Center.
Inhaltsverzeechnes |
Enn vun hirer Croisières-Carrière [änneren]
Enger Matddelung no vum 18/7/2007, soll d'RMS QE2 am Joer 2008 seng Croisièresaktivitéiten astellen an, a well d'Schëff un een arabesche Finanzgrupp verkaaft ginn ass, zu Dubai als Hôtelschëff eng nei Verwendung fannen.
Literatur [änneren]
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun RMS-Schëffer
- RMS Queen Mary 2
- MS Queen Victoria
- Lëscht vu Croisièreschëffer
- Lëscht vu Reedereie mat Croisièreschëffer
Um Spaweck [änneren]
| Commons: RMS Queen Elizabeth 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien |