Regioun Holland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Regioun Holland. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Holland (Homonymie)

D'Regioun Holland ass en Deel vum Land Holland, mat deem se sech op Lëtzebuergesch deeselwechten Numm deelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebitt vun der Provënz Holland war Bestanddeel vum réimesche Räich, da vum Frankeräich a spéiderhin vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun, Burgund. Vun 1581 u war Holland Bestanddeel vun der Republik Zeven Verenigde Nederlanden. Während der napoleonescher Zäit gouf et d'Kinnekräich Holland (1806-1810), wat déi bekannte Grenze vum haitege Land Holland ass. Fir d'Dominanz vum Gebitt Holland kleng ze halen, gouf et 1840 an zwou Provënze gedeelt: Nordholland a Südholland.

Den Numm Holland gouf ëm 866 als Holtland (Holzland bzw. Waldland) benotzt. Deemools war d'Géigend ëm Haarlem gemengt. Méiglecherweis ass et awer och op d'Gëttin Hludana zréckzeféiren, déi am westgermanesche Raum veréiert gouf an an den Inschrifte vun de Géigenden Nimwegen, Friesland a Xanten och ernimmt gouf.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Regioun Holland grenzt am Westen un d'Nordmier an am Osten un d' IJsselmeer. Déi nërdlech Grenz läit bäi Den Helder a bei der Insel Texel. Déi südlech Grenz läit am Delta vu Rhäin, Maas a Schelde. An Holland sinn déi gréisst Stied vum Land Holland (Den Haag, Rotterdam, Amsterdam)

Am Westen, um Nordmier, sinn och Dünen ze fannen, awer soss ass d'Land flach. D'Regioun Holland läit deelweis souguer ënner dem Mieresspigel.

Commons: Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien