Ribemont

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ribemont

Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Aisne
Arrondissement Saint-Quentin
Kanton Ribemont
Postcode 02240
Gemengecode 02648
Koordinaten 49° 47’ 47’’ N
      03° 27’ 33’’ O
Fläch  2 691 ha
Bevëlkerung  1 969 (2015)

Ribemont ass eng franséisch Gemeng am Departement Aisne an der Regioun Hauts-de-France.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit ongeféier 15 Kilometer südëstlech vu Saint-Quentin um lénksen Uwänner vun der Oise an um Bord vum Sambre-Oise-Kanal, dee parallell dozou leeft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 880 hunn sech zu Ribemont d'Karolenger Louis II. de Jonken (Ostfrankeräich), Ludwig III. a Karlmann (Westfrankeräich) begéint, fir den Traité vu Ribemont z'ënnerschreiwen, mat deem d'Deelung vum Frankeräich festgeschriwwe gouf. Och de Westdeel vu Lotharingien ass dobäi un den ostfränkesche Kinnek Ludwig III. gaangen. En zweeten Traité vu Ribemont gouf 1178 gemaach, wéi d'Jonge vum Herzog Mathieu I. vu Loutrengen d'Opdeelung vun der Ierfschaft beschloss hunn.

Zanter dem 11. Joerhonnert war Ribemont am Besëtz vun de Grofe vun Ostervant a koum duerch Bestietnes un d'Famill Moy.

Kuckt och[Quelltext änneren]