Richard F. Kneip

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Richard Francis "Dick" Kneip gebuer de 7. Januar 1933, a gestuerwen den 9. Mäerz 1987, war vun 1971 bis 1978 Gouverneur vum USA-Staat South-Dakota.

Hie war Member vu der anerikanescher demokratescher Partei, an den éischte kathoulesche Gouverneur vu South-Dakota.

De Richard F.Kneip koum zu Tyler, Minnesota op d'Welt, als Jong vum Berniece a Frank Kneip, a war vu lëtzebuergescher Ofstammung.

Hien huet op der Universitéit vu South-Dakota an op der St. John’s Universitéit studéiert. Säi Militärdéngscht huet hien an der U.S. Air Force gemaach, an hat duerno e Grousshandel mat Equipementer fir d'Mëllechindustrie.

Vun 1965 bis 1971 war hie Senator vu South-Dakota. Wéi de Richard F. Kneip 1970 zum Gouverneur vu South-Dakota gewielt gouf, huet hien de Republikanesche Kandidat Frank Farrar geschlo. Beim Vollek war hie ganz beléift a gouf allgemeng Dick genannt. Wéi hie gewielt war, ass hie mat senger Fra Nancy a sengen 8 Jongen, als jëngste Gouverneur, a seng nei offiziell Wunneng agezunn. Hie war den éischte Gouverneur, dee fir dräi sukzessiv Terme gewielt gouf, an huet sech während senger Amtszäit fir Reformen agesat. 1978 ass hie kuerz virum Enn vu sengem drëtte Mandat zréckgetratt.

Hie gouf dunn 1978 vum President Jimmy Carter als Ambassadeur op Singapur geschéckt. De Retour als Gouverneur ass him iewer net gegléckt, well hien 1986 d'Wale verluer huet.

U Kriibs erkrankt, ass hien den 9. Mäerz 1987 am Alter vu 54 Joer fréizäiteg zu Sioux Falls, South-Dakota gestuerwen, a gouf um St. Michael Cemetery zu Sioux Falls begruewen.

Um Spaweck [änneren]

Éierentafel mat der Biographie vum Richard F. Kneip