Sabine Weiss

Vu Wikipedia
Sabine Weiss
Gebuertsnumm Monique Sabine Weber
Gebuer 23. Juli 1924
Saint-Gingolph
Gestuerwen 28. Dezember 2021
16. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz
Aktivitéit Fotograf
Famill
Bestuet mat Hugh Weiss

D'Sabine Weiss, gebuer den 23. Juli 1924 als Sabine Weber zu Saint-Gingolph an der Schwäiz, a gestuerwen den 28. Dezember 2021 zu Paräis[1], war eng schwäizeresch-franséisch Fotografin. Si gëtt zu de wichtegste Representante vun der sougenannter humanistescher Fotografie vum 20. Joerhonnert gezielt.

D'Sabine Weiss ass bekannt fir hir schwaarzwäiss Schnappschëss vun Alldagszeenen am Stil vun der humanistescher Fotografie, ma och Moudefotoen, Portraiten, a spéider Reesfotoen.

Si huet vun 1949 un als fräischafend Fotografin geschafft; hir Fotoe goufen ë. a. an den Zäitschrëften Esquire, Vogue, Paris Match, Life an Time publizéiert.

Vun 1954 un hat si iwwer 170 Eenzelausstellungen[2] an huet bei 80 Gruppenausstellungen matgemaach. Och an der Fotoausstellung The Family of Man ass eng Foto vun hir ze gesinn.

Bicher a Kataloger[änneren | Quelltext änneren]

  • J’aime le théâtre (1962), Text: Catherine Valogne, Éditions Rencontre, Lausanne
  • Une semaine de la vie de Daniel (1969), Éditions MacMillain, New York
  • En Passant (1978), Éditions Contrejour, Paris
  • Marché et Foires de Paris (1982), Text: Clément Lépidis, Éditions ACE, Paris
  • Weiss, Sabine: Photographies (1988) Dunkerque, Musée d'art contemporain
  • Intimes Convictions (1989), Éditions Contrejour, Paris
  • Vu à Pontoise (1992), Éditions Municipales
  • La Réunion (1995), Éditions de la Galerie Vincent, Saint Pierre
  • Bulgarie (1996), Text: Gil Jouanard, Éditions Fata Morgana, Montpellier
  • Giacometti (1997), Text: André Du Bouchet, Éditions Fata Morgana, Montpellier
  • Des Enfants (1997), Text: Marie Nimier, Éditions Hazan, Paris
  • Poussettes, charrettes et roulettes (2000), Musée de Bièvres
  • André Breton (2000): Text: Julien Gracq, Éditions Fata Morgana, Montpellier
  • Sabine Weiss, monographie (2003), Text: Jean Vautrin, Éditions de La Martinière
  • Musiciens des Villes et des Campagnes (2006), Éditions Filigranes, Trézélan
  • Sabine Weiss, See and Feel (2007), Editions ABP, Hollande
  • Sabine Weiss: 100 photos de Sabine Weiss pour la liberté de la presse (2007), Reporters sans frontières, Paris
  • Les hommes et leurs croyances (2009), Xunta de Galicia
  • L'œil intime (2011, 2012, 2014), Escourbiac, Paris
  • L'Amour pour la vie (2013), Alliance française de Rio de Janeiro
  • Sabine Weiss (2016), co-édition Jeu de Paume/Editions de La Martinière
  • L'œil intime (2018), Escourbiac, Paris
  • Les villes, la rue, l'autre (2018), coédition Centre Pompidou/Xavier Barral

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sabine Weiss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. La photographe franco-suisse Sabine Weiss, figure du courant humaniste, est morte. In: Le Monde, 29. Dezember 2021.
  2. Marc Herren: Sabine Weiss Fiche bei fotoCH, 2. September 2020.
  3. Ried vum Minister Mitterrand
  4. Les rencontres de la photographie Arles: Sabine Weiss laureate du Prix women in motion 2020 pour la photographie abgerufen am 20. Dezember 2020.