Sacramento (Kalifornien)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sacramento
Land Flag of the United States.svg USA
Staat: Kalifornien
Fläch: 257 km²
Awunner: 456.441 (2004)
Bevëlkerungsdicht: 1.617 / km²
Buergermeeschter: Heather Fargo

Sacramento ass zanter 1854 d'Haaptstad vum US-Bundesstaat Kalifornien. D'Stad steet beim American River a beim Sacramento River, déi bei der Stad zesummelafen.

[änneren] Geschicht

Sacramento ass am Joer 1848 als Goldgriewer-Siidlung während der Zäit vum Goldrausch entstanen. 1856 ass dei éischt Eisebunn zu Sacramento ageweit ginn, wat mat sech bruecht huet, datt Sacramento ganz séier zu engem Handelszentrum erugewues ass. De State Capitol ass an der Zäit vun 1861 bis 1869 entstanen.

[änneren] Geographie

Obschonns Sacramento nëmmen 120 km vun der Küst ewech läit, ass et am Summer dacks ganz waarm. Zu Sacramento hu se ee mediteraant Klima. Duerch d'Lag no beim San-Andreas-Gruef ass Sacramento ëmmer nees vun Äerdbiewe betraff.

Sacramento Skyline (cropped).jpg
Commons: Sacramento, California – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen