Schaarf Munitioun

Vu Wikipedia
Schaarf Munitioun.
Dem Fischbach säin 2. Fall
Auteur Jean Schoos
Land Lëtzebuerg
Genre Kriminalroman
Erauskomm 2017
Editeur Éditions Guy Binsfeld
Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm

Schaarf Munitioun. Dem Fischbach säin zweete Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2017 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass, no Den drëtte Schlëssel, den zweete Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Den Zaldot Fred Peiffer gëtt bei engem Nato-Manöver am Oste vum Land schwéier blesséiert: et ass mat schaarfer Munitioun op hie geschoss ginn, an net mat blanner, wéi dat bei sou engem Manöver Gewunnecht ass. Den Dag drop brennt de Juegdchalet of, an deem sech de Virfall ofgespillt huet. Den Éischte Leitnant Fischbach vun der Sûreté ass iwwerzeegt, datt et en Zesummenhang tëscht deenen Evenementer gëtt a setzt alles drun, fir der Saach op de Fong ze goen. Ma net jiddweree schéngt Interessi drun ze hunn, datt de Fall opgekläert an déi Responsabel fonnt ginn ...

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Den Oberleutnant René Fischbach vun der Sûreté kritt et an dësem Roman mat enger Intrig ze dinn, déi zwar gutt geplangt war, awer trotzdeem wéinst engem Zoufall an dem schlechten Wieder aus de Schinne gesprongen ass.

Well een Agent vum Geheimdéngscht SREL, e gewëssenen Armand Reisen, deen aus der Arméi eriwwer gewiesselt war, verhënnere wollt, dass d’Gendarmerie hir Aarbecht uerdentlech maache kann, gëtt de Fischbach op deem seng fréier Kolleegen aus dem Artillerie Batallioun opmierksam. Et sinn dat de Maurice Lacaf, deen no der Arméi Reform Personalchef an enger grousser Firma ginn ass, an den Léon Groben, deen als Direkter vun enger Schwäizer Versécherungsgesellschaft Karriär gemaach huet.

Si sinn allen dräi an engem labber organiséierten Grupp engagéierter, dee vum Maurice sengem Papp, dem Affekot an Dikrecher konservative Gemengepolitiker geleet gëtt. Deen huet zu Dickweiler eng Juegd gepacht, wou hien sech mat Gläichgesënnten trëfft, ënner der Tarnung vun enger Juegdgesellschaft. A Wierklechkeet dréit et sech ëm eng Hand voll stramm Anti-Kommunisten, déi sech gären och als eng Lëtzebuerger Sektioun vun der NATO Geheimarméi Stay Behind verstinn. Si bezeechnen sech selwer als Dickweiler Krees.

Et sinn och zwee Gendaarmen am Dickweiler Krees: Den Adjutant Chef Gaston Milbert, Kontroller am Bezierk Lëtzebuerg an dem Fischbach säin direkte Chef, de Majouer Ernest Hamus, deen net nëmmen géint al kommunistesch Bedrohung kämpft, mee sech och mat Hänn a Féiss géint eng Gläichstellung vun der Police wiert, der hien net vertraut.

Ëmgedréit iergert sech de Paul Faber, Kommissär vun der Stater Police, doriwwer, dass d’Police net mat der Gendarmerie gläichgestallt ass. Lëtzebuerg ass ee klengt Land an esou ass dem Kommissär säi Chef Brigadier Emile Peiffer de Papp vun deem Zaldot, dee am Manöver ugeschoss ginn ass, dem Kaperol Frédéric Peiffer, genannt Fred.

Dem Fred seng Kolleegen, deenen mat ze verdanken ass, dass säi Liewen konnt gerett ginn, sinn den Sergeant Henri Majerus, de Kaperol Antonio Gambucci, d’Zaldoten Macel Jost an Paul Glesener. De leschten war iwwregens deen, duerch deen de Steen un d’Rullen komm ass.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Roman spillt 1968 zu Lëtzebuerg mat Zeenen op verschiddene bekannte Plazen, mä och am Ausland, wéi zu Heidelberg a Kopenhagen, wou de Fischbach wichteg Indizien an Zeie fir seng Enquête fënnt.

Hannergrond ass de Kale Krich mat sengen Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi schonn am éischten Deel ginn och dës Kéier nees geschichtlech Fakten a Fiktioun gläichermoossen an d'Geschicht afléisse gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]