Schabloun:AVDW S50

Vu Wikipedia

Den Europäeschen Hues (Lepus europaeus) ass e Mamendéier aus der Famill vun den Huesen (Leporidae).

E kënnt a groussen Deeler vu Europa vir bis eriwwer an de Südweste vu Sibirien an den Nordweste vun der Mongolei, a lieft an oppenen an hallefoppenene Landschaften. An Europa sinn d'Huesen zanter den 1960er Joren, ë.a. wéinst ëmmer méi intensiver Landwirtschaft, seng Zuelen, deelweis staark, réckleefeg.

Europäesch Huese gi vu Kapp bis Hënner ronn 40 bis 60 cm laang, a bis zu 2,5–6,4 kg schwéier. De Pelz ass um Réck variabel gielzeg-gro, ockerbrong oder brongrout mat giele Schattéierungen an hei an do dënne schwaarze Putschen. Laanscht d'Säit ass en éischter raschtgiel oder roudelzeg brong. De Kapp, den Hals, d'Broscht an d'Bee sinn hellbrong, de Bauch ass crèmewäiss. D'Ouere si groelzeg an hunn op der Spëtzt e schwaarze Fleck.

Den Europäeschen Hues ass virun allem nuets an an der Schummerecht aktiv. Baussent der Verkoppelungszäit sinn d'Déieren Eenzelgänger a verbréngen den Dag geduckt an hirem Leeër, enger Kaul am Buedem, wou se net wibbelen a bei Gefor eréischt am leschte Moment fortlafen. Da kënne s'op enger kuerzer Distanz bis zu 70 km an der Stonn lafen a bis zu 2 m héich sprangen... > méi