… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
… de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?