… d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
…d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
• ... Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
• … déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?