Op den Inhalt sprangen

Schaltjoer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schaltdag)

E Schaltjoer ass e Joer mat 366 amplaz vun 365 Deeg.

Aktuell Reegel

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Aféierung vum gregorianesche Kalenner gëllt:

  1. Nëmme Joren, déi ouni Rescht duerch 4 deelbar sinn, si Schaltjoren.
  2. Ausnam: Joren, déi ouni Rescht duerch 100 deelbar sinn, si keng Schaltjoren.
  3. Ausnam zur Ausnam: Joren, déi ouni Rescht duerch 400 deelbar sinn, si Schaltjoren.

Sou war d'Joer 2000 e Schaltjoer wéinst der 3. Reegel, 1900 dogéint war keent wéinst der 2. Reegel.

De julianesche Kalenner, de Virgänger vum gregorianeschen, huet nëmmen déi éischt Reegel kannt.

E Joer op der Äerd huet genee 365,2422 Deeg. Am julianesche Kalenner hat e Joer am Duerchschnëtt eng Längt vun 365,25 Deeg, an dat huet am Laf vu 15 Joerhonnerten zu engem Ënnerscheed vun 10 Deeg gefouert. De gregorianesche Kalenner huet dësen Ënnerscheed duerch e Joer mat 10 Deeg manner ausgeglach, an zwar 1582, wou nom 4. Oktober direkt de 15. Oktober koum. Zanterhier huet d'Joer am Duerchschnëtt 365,2425 Deeg. Dat ass zwar ëmmer nach ze vill, ma eréischt an 10.000 Joer entsteet e Feeler vun 3 Deeg.

De Schaltdag ass deen Dag, deen an engem Schaltjoer bäigesat gëtt.

Deen Dag gëtt am Februar bäigefléckt, soudatt an engem Schaltjoer de Februar 29 amplaz vun 28 Deeg, huet.

Commons: Schaltjoer – Biller, Videoen oder Audiodateien