Sirer Millen

Vu Wikipedia
Sirer Millen
D'Millen am Joer 2011
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bauschelt
Plaz Sir
Koordinaten 49° 54’ 13.1’’ N
      5° 46’ 45.3’’ O
Statut Klasséiert Monument
Proprietär privat
Renovatiounsaarbechten am Abrëll 2023

D'Sirer Millen, och Lanners Millen genannt, ass eng Millen zu Sir, déi mam Waasser vun der Bëtler Baach ugedriwwe gëtt.

Si soll ëm déi 500 Joer al sinn. Bis Dezember 2018 war si iwwer 100 Joer am Besëtz vun der Famill Lanners. D'Mille war bis an d'1990er Joren aktiv[1], de leschte Mëller war den Alexis Lanners[2].

Zanter 2018 ass d'Millen am Besëtz vun der Famill Feltz-Heldenstein, déi wëlles huet, déi al Millen ze restauréieren an nees un d'Goen ze kréien. Et gëtt awer Schwieregkeeten, well uewenzeg vun der Millen e Projet besteet fir d'Bëtler Baach ëmzeleeden, wat mat sech brénge géif, datt de Millegruef kee Waasser méi hätt fir déi historesch Francis-Turbinn unzedreiwen.[3]

Den 18. Mee 2007 gouf se als Nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].

Den 23. Oktober 2020 gouf och de Millegruef op déi Lëscht gesat[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sirer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dem Artikel vum J. Lamberty no, bis uganks vun den 2000er Joren
  2. "Fir se z'erhalen: D'Bannmillen zu Sir soll verkaf ginn." rtl.lu, 29.11.2017, 06:13:03.
  3. John Lamberty: "Syr: Mühlenrestaurierung mit Hindernissen." wort.lu, 13.06.2020.
  4. 4,0 4,1 Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).