Sitkafiicht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Sitkafiicht | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Picae sitchensis (Bong.) Carr |
|||||||||||||||
D'Sitkafiicht (Picea sitchensis), ass en Nolebam deen an Nordwestamerika, vun Alaska bis an Nordkalifornien virkënnt. Se ass doduerch un e fiicht Klima, mat vill Nidderschléi a mëlle Wanteren ugepasst.
An Europa geet d'Sitkafiicht gutt op grënnege, frëschfiichte bis fiichte Biedem, an op Pseudogley mat kuerze Stauphasen. Op dréchene Biedem an a Lage mat dréchener Loft huet se keng Chance fir ze wuessen. Se verdréit de Schierm, wann en net ze laang unhält (z. B. e Virbau vun Elleren), ass awer empfindlech géint Spéitfrascht. Se gëtt net vum Wëld verbass, awer gefeet.
Ganz gutt mécht se sech a groussraimege Mëschunge mat Risemammutbeem, Hemlocksdännen, an Douglasdännen.
| Commons: Picea sitchensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |