Fiichten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fiichten
Eng Fiicht

Eng Fiicht
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Iwwerofdeelung: Somplanzen
Ofdeelung: Nolholzplanzen
Uerdnung: Pinales
Famill: Pinaceae
Gattung: Fiichten
Wëssenschaftlechen Numm
Picea
A.Dietr. 1824
Aarten

Fiicht
Omorikafiicht
Sitkafiicht
Sibiresch Fiicht

Gewéinlech Fiicht

D'Fiichten (Picea) sinn eng Gattung an der Famill vun de Pinaceae.

Mat Ausnam vun Afrika komme se bal op der ganzer Nordhallefkugel vir.

Hir Blieder hunn d'Form vun enger Nol, se fille sech graff un, a bei villen Aarte si de pickeg. Si kënnen an der Haapfaarf gréng, gréng-giel, oder gréng-blozeg sinn. D'Sektioun ass bei villen Aarten entweder ronn, oder quadratesch. Si kënnen och am Ganze gréng sinn oder jee no Aart, dem laange Wee no wäiss, blo-wäiss, oder gro Bänner hunn. Wann d'Blieder ofgefall sinn, ass de jonken Aascht rau wéi eng Raspel.

De Som bilt sech an den Zapen, déi ëmmer no ënnen hänken, wat se vun den Dännenzapen ënnerscheet, déi um Schotz an d'Luucht stinn. D'Zappe fille sech mëll, liedereg un. Wann se zeideg sinn, si se brong, bei der Sitkafiicht wäiss, a soss alt emol purpurfaarweg. Se ginn all an engem Joer zeideg, a bleiwen ni zwee Joer um Bam hänken. Déi meescht Zape ginn op, wann se dréchnen, mat Ausnam vu P. sitchensis, P. pungens'Glauca' a P. jezoenis.

D'Schuel ass dënn, a schuppeg, an nëmme bei ganz ale Beem kritt se Furen a Rëss.

Et gëtt ongeféier 50 Aarten. Déi bekanntst dovun zu Lëtzebuerg sinn:

Commons: Picea – Biller, Videoen oder Audiodateien