Stäregebuertsquot

Vu Wikipedia

D'Stäregebuertsquot beschreift den zäitleche Verlaf vun der Stäregenesis. Et handelt sech ëm e wichtege Parameter zum Verständnes vun der Galaxisentwécklung.

Schmidt-Gesetz[änneren | Quelltext änneren]

Den hollänneschen Astronom Maarten Schmidt hat 1959 en empireschen Zesummenhank tëscht der Stäregebuertsquot an der Gasdicht hiergestallt: SFR ~ ρn (SFR: Stäregebuertsquot; ρ: Gasdicht).

Dësen einfachen Zesummenhank beschreift d'Stäregebuertsquot bei héije Gasdichte ganz gutt, woubäi déi observéiert Quoten duerch en Exponent vun ~ 1,3 gutt beschriwwe ginn – bei niddrege Gasdichten ass awer ze bedenken, datt fir d'Stäregenesis eng Mindestdicht erfuerderlech ass.

D'Schmidt-Gesetz gëtt virun allem a Simulatioune gebraucht, well et gutt an einfach an d'Modeller agebaut ka ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]