Stéphane Bern

Vu Wikipedia
Stéphane Bern
Gebuer 14. November 1963
Lyon
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Educatioun Emlyon Business School
Aktivitéit Radiosspeaker, Televisiounsmoderateur, Schauspiller, Journalist, Kolumnist
De Stéphane Bern kommentéiert d'Prënzenhochzäit zu Lëtzebuerg, Oktober 2012.

De Stéphane Bern, gebuer de 14. November 1963 zu Lyon, ass e franséisch-lëtzebuergesche[1] Journalist, Radio- an Tëlevisiouns-Animateur a Schrëftsteller. Hien ass bekannt als Spezialist vun de Kinnekshaiser an dem Adel am Allgemengen an och senger Emissiounssérie Secrets d'histoire op France 2.

De Stéphane Bern huet franséisch (vu sengem Papp hier) a lëtzebuergesch (vu senger Mamm hier) Originnen. Als Kand huet hie seng Schoulvakanzen zum Deel bei senge Grousselteren zu Lëtzebuerg verbruecht. Hie seet vu sech hie wir (och) Lëtzebuerger.[2] Hien huet ufanks 2017 déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugefrot déi fir den 1. Abrëll soll accordéiert ginn.[3]

Seng Publikatiounen, an deenen d'Lëtzebuerger Land mat vill Sympathie thematiséiert gëtt (Mon royaume à moi, Mon Luxembourg, asw.), gi jiddefalls an d'Richtung vum Nation branding, onofhängeg vun deem, wat d'Regierung versicht z'erreechen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Bac am Lycée Carnot zu Paräis huet de Stéphane Bern op der École supérieure de commerce zu Lyon studéiert (Promotioun 1985).

Hien huet sech ëffentlech zu senger Homosexualitéit bekannt.[4]

Journalistesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Stéphane Bern als Animateur an der Emissioun Le Fou du roi op France Inter am Joer 2003.

Geschriwwe Press[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1985 bis 1987 huet de Stéphane Bern fir d'Zäitschrëften Dynastie, Voici a Jours de France geschriwwen. Zanter 1999 ass hie Rédacteur en chef adjoint vun der Zäitschrëft Le Figaro Madame

Radio[änneren | Quelltext änneren]

De Stéphane Bern huet Emissiounen op Europe 1 (vun 1992 bis 1997) a France Inter (Le Fou du roi, 2000 bis 2011) animéiert a produzéiert. Zanter 2011 presentéiert hien d'Emissioun A la bonne heure op RTL (Paräis).

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

1994 huet hie säin Debut op der Televisioun ginn, wou hien Emissiounen op TF1, Canal+, France 2 a France 3 animéiert huet.

Artistesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2001 un ass de Stéphane Bern an enger Rëtsch Filmer als Schauspiller opgetrueden.

Theater[änneren | Quelltext änneren]

2006 huet de Stéphane Bern am Stéck Numéro complémentaire vum Jean-Marie Chevret matgespillt.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Europe des rois (mat enger Preface vum Otto von Habsburg), éd. Lieu commun, Paris, 1988.
  • « God Save the Queen » ! Cinquante ans de tempête chez les Windsor, éd. Michel Lafon, Paris, 1998.
  • Lady Di, éditions Flammarion, Paris, 1998.
  • Rainier de Monaco et les Grimaldi, éd. L'Archipel, Paris, 1999.
  • Mon royaume à moi; Paräis (Albin Michel), 2000.
  • Un si joli monde, roman, éd. Flammarion, Paris, 2006.
  • Plus belle sera la vie, roman, éd. Plon, Paris, 2007.
  • Oubliez-moi, éd. Flammarion, Paris, 2009.
  • Une vie de chien. Les animaux chéris des grands de ce monde, éd. Albin Michel, Paris, 2009.
  • Secrets d'histoire, éd. Albin Michel, Paris, 2010.
  • Le Destin d'une reine, éd. Flammarion, Paris, 2012.
  • Mon Luxembourg; Paräis (Flammarion), 2016.
  • Un amour souverain; zesumme mat der Groussherzogin Maria-Teresa, (Albin Michel), 2021. - E Billerbuch mat Kommentaren zum 40. Anniversaire vum Bestietnes mam deemolegen Ierfgroussherzog Henri.
  • La vie retrouvée d'un Collège Royal; Paräis (Albin Michel), [Sept.] 2022. - De Stéphane Bern erzielt an engem flott illustréierte Band d'Geschicht vun enger fréierer Militärschoul, dem Collège royal et militaire de Thiron-Gardais, déi hien opkaaft, restauréiert an zu sengem Wunnsëtz gemaacht huet.

Gielercher[5][änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stéphane Bern – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Télé Star vum 26. Oktober 2017. « Stéphane Bern est devenu Franco-luxembourgeois mais ce n'est pas une question d'impôts ! »
  2. Interview mam Stéphane Bern am Luxemburger Wort vum 19. Oktober 2012, S. 6.
  3. Stéphane Bern wird Luxemburger op wort.lu vum 12. Februar 2017
  4. An der Zäitschrëft Tëtu vum Oktober 2009 an och an der Emissioun Vie privée, vie publique vun der Mireille Dumas vum 6. November 2003 op France 3.
  5. Biographie vum Stéphane Bern op www.voici.fr
  6. Stéphane Bern devient Officier de l'Ordre de Léopold op www.7sur7.bel