Stadio Olimpico di Roma

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue op den Terrain an d'Tribunen

De Stadio Olimpico (Olympiastadion) ass e Foussballstadion zu Roum. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen equipéiert ass, a mat 82.307 Plazen ass et nom Stadio Giuseppe Meazza den zweetgréisste Foussballsstadion an Italien.

De Stadion ass 1990 restrukturéiert ginn. Déi aktuell Architektur ass d'Wierk vum Architekt Annibale Vitellozzi.

De Foussballsterrain ass 105 x 68 m grouss, a gëtt vun der UEFA an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Et ass de Stadion op dem déi zwou Equippe vu Roum, AS Roum an SS Lazio, hir Heemspiller ausdroen. De Lokalderby tëschent AS Roum a Lazio gëtt Derby Capitolino genannt.

Commons: Olympiastadion Roum – Biller, Videoen oder Audiodateien