Stone Sour

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stone Sour
Grënnung: 1992
Genre: Hard Rock
Website: http://www.stonesour.com
Aktuell Memberen
Gesank & Gittar: Corey Taylor
Gittar: James Root
Giatrr: Josh Rand
Bass-Gittar: Shawn Economaki
Battrie: Roy Mayorga
Fréier Memberen
Gittar: Bruce Swink
Battrie: Joel Ekman

Stone Sour ass eng US-amerikanesch Band, déi no eegenen Aussoen e "melodeschen" Hard Rock mat Inhalter an Initiative spillt.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf 1992 vum Corey Taylor gegrënnt. No der éischter Demo an onzielege Concerten an de verschiddenste Cluben koum 1997 d'Zäit, wou sech de Corey Taylor ausgebrannt an erniichtert vun der Band getrennt huet. De Corey Talor huet sech doropshi der Band Slipknot ugeschloss. Kuerz Zäit duerno huet och den James Root dëse Schrëtt gemaach. Och de Shwan Economaki ass als Optrëttsmanager mat eriwwer gewiesselt.

2002 wollt sech de Josh Rand mam Corey Taylor treffen, fir him e puer Lidder ze weisen. Fir déi nächst 18 Méint hu déi zwee sech zréck gezunn, fir u neie Lidder ze schreiwen, fir domat de Projet "Stone Sour" weiderféiere ze kënnen. Den Taylor an de Rand hu fonnt, datt déi nei Songs eng héich Qualitéit hätten an zimlech no un de Wuerzele vun der Band wieren. Se hu kuerzerhand d'Band zu Des Moines (am Iowa) nees zesummegeruff an zéng Joer no der Grënnung vun der Band hiren Debutalbum Stone Sour produzéiert. Am Mäerz 2006 huet de Batteur Joel Ekman d'Band verlooss, säin Nofolger gouf de Roy Mayorga, dee fréier Drummer bei Soulfly war. Den 28. Juli 2006 ass dat neit Album Come What (ever) May erauskomm, dat vun den däitsche Heavy-Metal-Zeitungen Rock Hard a Metal Hammer zum Album vum Mount gewielt gouf. Metal Hammer huet Come What (ever) May réckwierkend zum Album vum Joer 2006 gewielt.

Stone Sour zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002 - Bother
  • 2003 - Inhale
  • 2006 - 30/30-150
  • 2006 - Through glass
  • 2006 - Reborn

Demoen, EPen & Special Editions[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992 - Demo
  • 1994 - Stone Sour (Demo)
  • 1996 - Demo
  • 2000 - Demo
  • 2003 - Stone Sour (Special Edition) (mat 5 Bonus Tracks an enger DVD mat 3 Videoclipen)

Musekvideoen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002 - Get Inside
  • 2002 - Bother
  • 2003 - Inhale
  • 2006 - Reborn (Studio Video)
  • 2006 - 30/30-150
  • 2006 - Through Glass
  • 2007 - Sillyworld

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stone Sour – Biller, Videoen oder Audiodateien