Stonnegebiet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Stonnegebiet ass eng chrëschtlech Liturgie déi siwemol am Dag stattfënnt (nom Psalm 119 "Siewemol am Dag sangen ech Däi Luef") a während där haaptsächlech Psalme gebiet ginn. Virun der Liturgiereform goufen et 8 Gebietszäiten déi sech iwwert den dag verdeelt hunn. Eng Gebietszäit gëtt och nach Hore genannt (vu lat. hora - Stonn) wëll se zu bestëmmten Dageszäite ofgehale ginn.

D'Stonnegebiet gëtt et an folgende Konfessiounen: kathoulesch, orthodox, anglikanesch an och zanter dem 20. Joerhonnert an där protestantescher.

An deene meeschten Uerden gëtt d'Stonnegebiet oder en Deel dervun an der Gemeinschaft gebiet, och d'Diözesankleriker sinn verflicht fir d'Stonnegebiet ze bieden awer och all Gleeweg kënnen sech deem uschléissen.

virun (ongeféier Auerzäit)    no der Liturgiereform
Laudes (virun der Prim)  Laudes (moies fréi)
Prim (6:00 Auer)  entfällt (ausser fir d'Kartaiser)
Terz (9:00 Auer)  Terz (9:00 Auer)    \
Sext (12:00 Auer)  Sext (12:00 Auer) -- oder zu drëtt am office du milieu du jour zesummegefaast
Non (15:00 Auer)  Non (15:00 Auer)   /
Vesper (18:00 Auer)  Vesper (18:00 Auer)
Komplet (21:00 Auer)  Komplet (21:00 Auer)
Vigil oder Matutin (an der Nuecht)   Lieshore (office des lectures, u keng Dageszäit méi gebonnen)

Kuckt och [änneren]