Liturgiereform

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Liturgiereform bezeechent am éischte Sënn eng Ofännerung vun enger Liturgie. Ouni weideren Zousaatz bedeit et awer hautdesdaags meeschtens déi Reformen an Liturgie vun der réimesch-kathoulescher Kierch déi nom 2. Vatikanesche Konzil (1962-1965) duerchgefouert goufen.

Dëst Konzil huet a senger Konstitutioun Sacrosanctum Concilium déi grouss Linne vun der Reform ugekënnegt. Eng Rei Instruktiounen aus de folgende Joren huet déi konkret Aspekter behandelt. Beispiller vu Changementer:

  • D'Mass muss net méi op latengesch gehale ginn, mä och an der Landessprooch, dëst soll e bessert Versteestemech duerch d'Leit mat sech bréngen.
  • Aféiere vun engem Volleksaltor, esou dat de Paschtouer de Leit bei der Eucharistiefeier net méi de Réck dréint, mä op si kuckt. Domat waren d'Héichaltär net méi néideg a goufen entweder hannen am Chouer stoe gelooss (dacks wéinst dem konschthistoresche Wäert) oder goufe beim Ëmbau (deen duerch d'Reform op ville Plazen noutwenneg gouf) eliminéiert.
  • Och d'Kommiounsbänken, déi de Chouer vun de Leit getrennt hunn, konnten eliminéiert ginn.
  • Ofschafe vun der glächzäitege Feieren vun méi Massen an enger Kierch, dofir Aféiere vun der Konzelebratioun (méi Priistere feieren eng Mass un engem Altor zesummen, woubäi ee presidéiert).
  • Den Oflaf vun der Mass gouf vereinfacht an verschidden ursprénglech Riten goufen nees agefouert oder openeits verdäitlecht.
  • Reform vum Kierchejoer.

Literatur [änneren]

  • Editions du Centurion (1967) Nouvelles Instructions pour la Réforme Liturgique
  • Joseph Ratzinger, Der Geist der Liturgie. Eine Einführung. Herder, Freiburg i. Br. 2000

Um Spaweck [änneren]