Stroumstäerkt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Particle physics stub.svg Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Physikalesch Gréisst
Numm elektresch Stroumstäerkt
Formelzeeche vun der Gréisst Gläichstroum: I, Wiesselstroum: i
Formelzeeche vun der Dimensioun I
Gréissten- an
Eenheetesystem
Eenheet Dimensioun
SI A I
CGS (E-stat.) cm3/2·g1/2·s−2 L3/2·M1/2·Z−2
CGS (E-mag.) cm1/2·g1/2·s−1 L1/2·M1/2·Z−1
Planck Planck-Stroum G−1/2·c6/2·ε01/2

Als Stroumstäerkt versteet een d'Stäerkt vun engem elektresche Floss. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt ass Ampère.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

I = {dQ \over dt}

SI Eenheet: Ampère (A) = Coulomb (C) pro Sekonn (s)


Stroumstäerkt definéiert d'Zuel vun Elementarluedungen dQ déi pro Zäiteenheet dt duerch en elektresche Leeder lafen[1]. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt, den Ampère (A), ass nom franséische Physiker André-Marie Ampère (1775-1836) genannt ginn an ass einfach definéiert als ee Coulomb an enger Sekonn:

1 A=1 {C \over s}

Fir d'S.I.-Definitioun vum Ampère kuckt den Artikel Ampère (Eenheet).

Wierkung[änneren | Quelltext änneren]

Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

An der Gläichstroumtechnik: Stroumstäerkt, multiplizéiert mat der Spannung, entsprécht der Leeschtung (Watt). Gëtt d'Leeschtung iwwer eng gewëssen Zäit gekuckt, schwätzt ee vun de elektrescher Aarbecht (Wattsekonnen).

Elektromagnéitismus[änneren | Quelltext änneren]

Gëtt e Leeder vun engem elektresche Stroum duerchfloss, entsteet duerch Induktioun e Magnéitfeld ronderëm dee Leeder. Dowéinst musse Kabelen, déi iwwer eng gewëssen Zäit parallel zuenee lafen, ofgeschiermt ginn (bei der Telekommunikatioun fir Feeler ze verhënneren) oder an engem respektabelen Ofstand zuenee sinn. Besonnesch bei Héichspannungleitungen muss de Magnéitismus mat agerechent ginn, well d'Magnéitfeld staark genuch ass fir d'Kabelen aus der Verankerung ze rappen a méiglecherweis Leit ze blesséieren.

Dësen Effet ass och de Prinzip vun engem Elektromagnéit, wéi en z. B. an Elektromotoren, a Generatoren oder a Relaisen zum Asaz kënnt.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. James S. Walker, Physics, second international edition, Pearson Eduaction, Inc., New Jersey, 2004; S. 678