Supermarine Spitfire

Vu Wikipedia
Supermarine Spitfire
Beschreiwung Spitfire Mk.Vc
Aufgab Dagjeeër
Besatzung 1 Pilot
1. Fluch 5. Mäerz 1936
An Déngscht zanter August 1938
Constructeur Supermarine
Ofmiessungen
Längt iwwer alles 9,12 m
Spannwäit 11,23 m
Héicht iwwer alles 3,86 m
Gewiicht
Gewicht eidel 2313 kg
Maximalt Startgewiicht 3078 kg
Undriff
Motor 1 Rolls-Royce Merlin 45
Leeschtung 1470 PS
Leeschtung
Maximal Vitess 602 km/h (op 4000 Meter Héicht)
Kampfreechwäit 756 km
Maximal Fluchhéicht 11.280 m (35.000 Fouss)
Bewaffnung
Geschëtzer 2 × 20 mm Kanounen
4 × 7,7 mm Maschinnegewierer
Bommen 1 × 230-kg-Bomm

De Supermarine Spitfire war en engleschen eesëtzegen Offangjeeër, der virun allem am Zweete Weltkrich vun der Royal Air Force a vu villen Alliéierten agesaat gouf. Déi gutt Wendegkeet (haaptsächlech de kuerze Radius an de Kéieren) huet de Spitfire bei de Pilote ganz beléift gemaach. De Spitfire gouf ënner dem Chefconstructeur Reginald J. Mitchell († 1937) a sengen Nofollger entwéckelt. De Spitfire gouf wärend dem ganzen Zweete Weltkrich an de verschiddenste Varianten agesaat.

Et goufen eppes méi wéi 20.300 Spitfire vun alle Variante vun der Firma Supermarine an och anere Gesellschafte gebaut a verschiddener ware bis an 1950er Joren am Déngscht.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger Konzeptioun déi optimiséiert aerodynamesch Fluchmaschinne mat staarke Motore vun Napier oder Rolls Royce verbonnen huet, hat Supermarine mat Entwërf vum Chefkonstrukter Mitchell dräimol d'Schneider-Trophy gewonnen.

Obschonn d'Technologie fir Juegdfligere sech vun där fir Sportfligeren ënnerscheet, sinn e staarke Motor an eng gutt Aerodynamik bei Juegdfligeren och ganz wichteg. De Mitchell huet 1930 bei enger Soumissioun fir Juegdfligere vum brittesche Loftfaartministère een Eendecker de Supermarine Typ 224 entworf. Dëse Fliger hat geknéckt Flilleken an e starrt Fuergestell. En huet awer grad souwéineg wéi déi vun der Konkurrenz den Erwaardunge vum Ministère entsprach. An engem vu Supermarine mat Ënnerstëtzung vun der Mammegesellschaft Vickers finanzéierte Projet huet de Mitchel d'Plange vum Fliger verbessert. Den neie Fliger hat e Fuerwierk dat konnt eragezu ginn a mat méi engem staarke Rolls-Royce Motor sinn d'Fluchleeschtunge verbessert ginn.

Nonzénghonnertfënnefandrësseg huet de Loftfaartministère nees eng Soumissioun fir Juegdfligeren ausgeschriwwe bei där den neie Supermarine erëm ofgeleent gouf, mat der Begrënnung datt en net fir déi gefuerdert Bewaffnung vun 8 Maschinnegewierer gëeegent wier.

Doropshin huet de Mitchel nees en neie Fliger mat der Bezeechnung Type 300 gebaut deen a sengen elliptesche Flilleke genuch Plaz fir d'Bordwaffen hat. Dës Kéier war de Ministère mat der Maschinn zefridden an huet ënner dem Projetsnumm F.10/35 d'Sue labber gemaach fir de Bau vun nach e puer Prototyppen. Den éischte vun dëse Prototyppen ass de 5. Mäerz 1935 geflunn. Déi gutt Fluchleeschtungen hunn de Ministère dozou bruecht 310 Maschinnen ze bestellen.

De Spitfireflillek[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Bau vun de Flilleken huet de Mitchel sech vun der Heinkel He 70 inspiréiere gelooss. D'Heinkel war e Schnellverkéiersfliger dee souguer de Sportsfligere fir d'Schneider-Trophy iwwerleeë war. Dofir huet de Mitchel sech fir d'elliptesch Form vum Flillek decidéiert.

De Flillek vum Spitfire war awer keng direkt Kopie vum Heinkelflillek, e war méi dënn, an en hat och e komplett anert Profil. De Mitchel huet och de Flillek net mat zwou Traverse gebaut mä ee Flillek änlech wéi dee vum Messerschmitt mat enger Striew an enger Nuesekëscht déi sech net séier verwënscht huet.

Den elliptesche Flillek hat als Resultat eng Opdriwwsentwécklung déi iwwer dem Fluch vu bannen no bausse gläichméisseg méi grouss ginn ass, wat de Virdeel hat datt en e niddregen induzéierte Widderstand hat a sech net gär verwënscht huet.

Déi grouss Droflächen hunn et mat sech bruecht datt de Spitfire ganz kuerz Kurveradie fléie konnt.

Den dënne Flillek war besonnesch am Héichvitessberäich wichteg, vu datt de Spitfire Vitessen erreecht huet déi bis zu 70 % iwwer der Schallvitess louchen. Doduerch war de Spitfire ënner de Jeeër vum Zweete Weltkrich dee Propellerfliger deen déi zweethéichst Machzuel erreecht huet, hanner der P-38.

Den elliptesche Flillek hat och méi Plaz fir Bordwaffen ënnerzebrengen.

Bei dem Spitfire gouf, fir datt e sech besser sollt bei héijen Ustellwénkele steiere loossen, eng geometresch Schränkung mat an d'Spill bruecht, déi am Fall vun engem Stréimungsoffrëss dofir gesuergt huet datt deen eréischt un der Wuerzel vun der Fläch war, a sou d'Querrudderen déi no bausse louchen nach ugestréimt goufen. Doduerch hat de Spitfire trotz senger grousser Flilleksfläch e relativ niddrege maximalen Opdriwwsbäiwäert.

Versioune vum Spitfire[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Spitfire
Spitfire Mk.IXc

Et goufen am Ganze 24 Versioune vu Spitfire a vill Ënnervarianten.

  • Mk.I
  • Mk.II
  • Mk.III
  • Mk.IV
  • Mk.V
  • Mk.VI
  • Mk.VII
  • Mark VIII
  • Mark IX
  • Mark XII
  • Mark XIV
  • Mark XVI
  • Mark XVIII
  • Mark XIX
  • F. 21
  • Seafire

Film[änneren | Quelltext änneren]

De Fliger a säi Konstruktuer de Mitchell goufen am Film The First of the Few, deen nach ëmmer gär vu Fligerhistoriker gekuckt gëtt, beschriwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Supermarine Spitfire – Biller, Videoen oder Audiodateien