Op den Inhalt sprangen

The Plot Spoiler

Vu Wikipedia
The Plot Spoiler
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2006
Dauer 45
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Jeff Desom
Dréibuch Jeff Desom
Fotografie Jeff Desom
Musek Patrick Muller
Schnëtt Jeff Desom
Produzent Jeff Desom (Produzent)
Bernard Michaux (assistant producer)
Govinda Van Maele (assistant producer)
Schauspiller
Gilli Milligan als Stanley Kurtz
Nik Glissnik als Dr. Zeiss
Goff Gretsch als Indday
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

The Plot Spoiler ass de siwente Film vum Jeff Desom.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht geet ëm de Stanley Kurtz, en zimmlech gestéierten Typ, deen a senger Kandheet nëmme viru Videorekorder souz an elo, als spleenegen Erwuessene mat seriéise Problemer am Beräich sozial Kontakter, an enger Videothéik schafft. De Problem bei der Saach: e bréngt et net iwwer sech, seng magistral Iwwersiicht iwwer déi Siwent Konschtform fir sech ze behalen. E verréit de Leit all ze gär de Schluss vun de Filmer am viraus. Iwwer d'Videokassett trëtt dann eng Sekt/Terrorzell, se nennt sech Ed Wood Vegetable Club, mat dem Kurtz a Verbindung.

An dësem Film sinn eng Onmass vun Uspillungen u Filmklassiker (an den Nimm vun de Personnagen, a Lokalitéiten, mä och a Biller an Zeenen) an och un d'Zäitgeschicht an d'Géigewaartsphenomeener (Bommeleeër, TV- an VHS-Junkien, Terroristen,...).

D'Produktioun vum Film gouf ouni weidere Budget vum deemools 17-järege Jeff Desom lancéiert. Hien huet en tëscht 2003 an 2006 um Kassetteformat MiniDV produzéiert. E gouf Am Hierscht 2005 op d'Initiativ vum Filmreakter hin an der Stad Lëtzebuerg an der Cinémathèque Municipale gewisen.[1][2]

De Jeff Desom war dowéinst och Dréibuchauteur, Produzent, Regisseur, Kameramann a Monteur.

De Film huet bei der 3. Lëtzebuerger Filmpräis am Joer 2007 de Präis fir de beschte Kuerzfilm gewonnen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. land.lu: Les délires de Stanley Kurtz (2. Mäerz 2006)
  2. Trailer vum Film um Vimeo-Kanal vum Regisseur