The Artist
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | The Artist | |
| Produktiounsland: | Frankräich USA |
|
| Produktiounsjoer: | 2011 | |
| Dauer: | 100 Minutten | |
| Originalsprooch: | Stommfilm | |
| Equipe | ||
| Regie: | Michel Hazanavicius | |
| Dréibuch: | Michel Hazanavicius | |
| Kamera: | Guillaume Schiffman schwwarzwäiss 1.25 :1 |
|
| Musek: | Ludovic Bource | |
| Produzent: | La Petite Reine Studio 37 France 3 Cinéma Warner Bros. |
|
| Haaptacteuren | Jean Dujardin Bérénice Bejo James Cromwell John Goodman |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
The Artist ass e franséisch-belsche[1] schwaarzwäisse Stommfilm vum Michel Hazanavicius, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. En ass den 12. Oktober 2011 a Frankräich an de Kinoen ugelaf.
Wourëms geet et am Film? [änneren]
De Film, deen um Enn vun den 1920er Joren zu Hollywood spillt, verzielt den Niddergang vun engem Stommfilmstar, dem George Valentine (Jean Dujardin), wéi den Tounfilm bis agefouert gouf, a parallel dozou den Opstig vun enger Dänzerin, der Peppy Miller (Bérénice Bejo), zu engem Hollywoodstar, a wéi sech hir 2 Weeër kräizen...
Iwwer de Film [änneren]
De Film ass en Hommage un d'Stommfilm-Ära zu Hollywood, souwuel vun der Geschicht hier, wéi och vun der Form: De Film ass selwer a Schwaarzwäiss, am Stommfilmformat 1.25:1, gedréint, an et gëtt esougutt e wéi keen natierlechen Toun, just Musek, déi de Film ënnermoolt, a geleeëntlech en Tëschentitel.
De Film ass meeschtens e gellege Succès bei der Kritik, an huet eng jett Präisser an Auszeechnunge kritt: Interpretatiounspräis um Festival vu Cannes 2011, ë. a. 3 Golden Globes (bescht Comédie, beschte Schauspiller, bescht Musek), 7 BAFTA-Awards (wourënner Beschte Film, bescht männlech Haaptroll, bescht Kamera, bescht Dréibuch) 6 Césaren (dorënner beschte Film, bescht Regie a bescht Schauspillerin) a 5 Oscaren (dorënner dee fir de beschte Film an déi bescht männlech Haaptroll).