The Choppy Bumpy Peaches

Vu Wikipedia
The Choppy Bumpy Peaches
Museksgenre Psychedelic Rock, Space Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2014
Websäit Facebook, Instagram
Memberen Julia Lam (Gesank, Keyboard)
Julien Strasser (Gittar)
Nick Dalscheid (Gittar, Uergel)
Julien Hübsch (Gittar, Gesank)
Nina Bodry (Bass)
Luca Bartringer (Batterie)

The Choppy Bumpy Peaches sinn eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf 2014 gegrënnt an huet zwee Joer méi spéit hir éischt EP, Melocoton, verëffentlecht.

2017 hunn The Choppy Bumpy Peaches um Screaming Fields fir Song 29 de Präis fir dat bescht Lidd gewonnen.[1],[2] Si sinn och um Rock the South als Headliner opgetrueden, bei deem se schonn d'Joer virdrun an der Kompetitioun matgemaach haten. Och um um Food for Your Senses ware si dobäi. D'Single Darjeeling huet den Album Sgt. Konfuzius & the Flowers of Venus ugekënnegt, deen am Februar 2018 op de Maart koum.

No deem Release hu si dräi Concerten an England gespillt, an zu Lëtzebuerg ënner anerem um Rock um Knuedler. Am November ware si d'Virband vun der US-amerikanescher Band The Flaming Lips an der Rockhal,[3] an hunn dat bal 14-Minutte-laangt Lidd Gugu erausbruecht.[4]

No engem Optrëtt um Sonic Visions 2019 hunn The Choppy Bumpy Peaches 2020 dräi Lidder mat jee dräi Museksvideoe publizéiert: Hai, Mystik Basilik, a Magnum Opus. Si waren am Summer vum Joer virdrun opgeholl gi a sollten Deel vun denger EP ginn, mee wéinst der COVID-19-Pandemie war dat net méiglech.[5]

Duerno ass et roueg ëm d'Grupp ginn, och well d'Museker all an anere Länner studéieren.[5] Am Mäerz 2021 hat d'Band nach zwee Concerten an de Rotonden, an am Februar 2022 ass se um Beautiful Decay Festival zu Käerch opgetrueden.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Sgt. Konfuzius & the Flowers of Venus

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2016: Melocoton

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2017: Darjeeling
  • 2018: Into (Live)
  • 2019: Daffodils
  • 2019: Gugu
  • 2020: Hai
  • 2020: Mystik Basilik
  • 2020: Magnum Opus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tageblatt.lu: Die Gewinner des "Screaming Fields 2017" (16. Juli 2017)
  2. wort.lu: The Choppy Bumpy Peaches: Das Leben einer Band vum Pol Schok (13. Juli 2017)
  3. rtl.lu: The Choppy Bumpy Peaches open for The Flaming Lips at Rockhal (12. November 2018)
  4. rtl.lu: New cut from The Choppy Bumpy Peaches (14. November 2019)
  5. 5,0 5,1 land.lu: Un petit vent de liberté, malgré tout vum Kévin Kroczek (13. November 2020)