Tofu

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gekachten Tofu an der chinesescher Kichen
Seidentofu mat Sojazooss

Tofu besteet aus wäissem Sojabounendeeg, dee beim Andécke vun den Eewäissbestanddeeler vu Sojamëllech entsteet, an zu Bléck gepresst gëtt. Dowéinst gëllt en als Quell fir qualitatiivt gutt Eewäiss dat net vun Déieren hierkéint.

Tofu gouf fir d'éischt am 2. Joerhonnert v. Chr. am Keeserräich China hiergestallt an huet sech am 8. Joerhonnert iwwer Korea a ganz Asien verbreet. Den Numm "Tofu" krut en a Japan.

E gouf zum Grondkascht a China, Japan, Korea, Vietnam an Thailand. Zënter der Mëtt vum 20. Joerhonnert gëtt en awer och an der westlecher Welt ëmmer méi dacks giess, do absëns vu Vegetarier a Veganer.

Jee no Produktiounsaart a Konsistenz ënnerscheet ee verschidden Zorten Tofu. Esou gëtt z. B. den zaarte an fiischte Seidentofu dacks fir séiss Plate gebraucht, well en d'Konsistenz vun dënnem Vanillspudding huet. De feste westlechen Tofu dogéint gëtt gemenkerhand als Fleeschersatz gebraucht, well en net ausenanerfält.

Tofu huet vun Natur aus praktesch kee Goût. Wéi e Schwamp kann en awer aner Aromen ophuelen, entweder scho während der Produktioun oder eréischt beim Kachen op gehäerzt oder séiss Aart a Weis.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Tofu – Biller, Videoen oder Audiodateien