Trondheim

Vu Wikipedia
De Nidaros-Doum, d'Kréinungskathedral vun Trondheim
Wopen Kaart
Basisdonneeën
Regierungsbezierk: Trøndelag
Fläch: 342 km²
Awunner: 198.219 (2019)
Bevëlkerungsdicht: 480 Awunner pro km²
Héicht: 3 m
Geographesch Lag: 63° 25’ 51’’ N
      10° 23’ 43’’ O
Offiziell Websäit: trondheim.kommune.no
Politik
Buergermeeschter: Rita Ottervik (Ap)
D'Häiser op Stelzen vun Trondheim
Berüümt al Stad-Bréck vun Trondheim
D'Kinneklech Residenz vun Trondheim
Hafen vun Trondheim

D'Stad Trondheim, fréier Drontheim läit am Bezierk Trøndelag an Norwegen an ass mat 198.219 Awunner (Stand 2019) déi drëttgréisst Stad vum Land. Si läit um Floss Nidelva, do wou deen an den Trondheimsfjord leeft,, zirka 70 km vum offene Mier ewech. Si ass no Reykjavík an Island déi Grousssstad vu Westeuropa, déi am wäitsten am Norden läit. Storheia erreecht mat 565 m déi gréisst Héicht. Trondheim ass och den Numm vun der norwegescher Gemeng, déi d'Stadgebitt ëmfaasst. No der vollstänneger norwegescher Onofhängegkeet (1905) waren déi nationalistesch Kreesser vun Norwegen beméit, all Nimm, déi dänesch geklong hunn, wéi dee vun dëser Stad, duerch mëttelalterlech norwegesch Nimm z'ersetzen.")

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Trondheim gouf am Joer 997 vum Wikingerkinnek Olav Tryggvason gegrënnt. Du gouf d'Stad Sëtz vum Kinnek an domat Haaptstad vun Norwegen. De Kinnek Olav den Hellegen ass 1030 zu Trondheim gestuerwen. Ëm d'Joer 1000 huet de Leif Eriksson, ee vun den Entdecker vun Amerika, ee Joer als Member vun der Prätorianergarde vum Kinnek Olav zu Trondheim gelieft.

1152 huet de Poopst Anastasius IV. de Kardinolbëschof Nikolaus Breakspear als Bevollmächtegten no Norwegen geschéckt. Do huet hien zu Nidaros eng norwegesch Kiercheprovënz mat engem Äerzbëschof opgeriicht. Norwegen war a 4 Bistümer opgedeelt, dobäi koumen d'Bistümer op de Färöer an op Grönland. Och konnt d'Kierch vun der Aféierung vun engem Kirchenzengten an domat vun enger gesonder finanzieller Situatioun profitéieren. Ënner dem Sigurd a senge Bridder koum et zu enger reliéiser Erneierung a vill Kléischter goufen an där Zäit gegrënnt. Nom Kinnek Olav sengem Doud sinn der vill zum Doudeschräin vum hellege Kinnek gepilgert. D'Stad huet sech entwéckelt a gouf déi räichst an déi gréisst Stad vum Land. Wéinst der Reformatioun huet d'Pilgeraktivitéit awer opgehalen, de Schräi gouf zerstéiert, an d'Kierch an d'Klouschter goufen zougemaach.

Puermol ass d'Stad verbrannt; am Joer 1681 ass sou déi ganz Alstad vernicht ginn. De Christian V huet duerop hin eng nei Stad uleeë gelooss, nom Muster vu Verailles. Vun der Maartplaz aus sinn et breet Stroossen an all Richtunge ginn. Du gouf och d'Festung gebaut.

D'Altstad vun Trondheim läit op enger Hallefinsel, déi op dräi Säite vum Floss an op enger Säit vum Fjord begrenzt ass. Déi gënschteg geographesch Lag huet dozou bäigedroen dat d'Stad opgeblitt an zu engem bedeitenden Handelszenter ginn ass.

Am 17. Joerhonnert koum et zu engem Äerdrutsch an doduerch gouf d'Mëndung vum Floss an hirem ënneschten Laf fir Schëffer schwéier zougänglech.

Géint Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Stad sech weider entwéckelt. Den Uschloss un dat norwegescht (1877) an duerno (1881) un dat schweedescht Eisebunnsnetz hunn zu där Entwécklung hire Bäitrag geleescht. Am Zweete Weltkrich war Trondheim vun Abrëll 1940 bis Enn Mee 1945 vun däitschen Truppe besat (Operatioun Weserübung). Op déi Zäit weisen zum Beispiel nach d'Fëllementer vu Flakkanounen an déi zwéin U-Boot-Bunkeren Dora 1 und Dora 2 hin.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Nidaros-Doum: Et ass déi eenzeg Kathedral vun Norwegen. Mat sengem Bau gouf schonn 1070 ugefaangen. Do ginn déi norwegesch Kinneke gekréint, an d'Kréinungsinsigne sinn do opgehuef. Et ass e Kierchegebai dat vill Touristen uzitt.
  • Äerzbëscheefleche Palais: E steet direkt nieft dem Nidarosdoum. Bis zur Reformatioun am Joer 1536 war do de Sëtz vun den norwegeschen Äerzbëscheef.
  • Al typesch Stadbréck iwwer den Nidelva-Floss (Gamle Bybro): gouf 1861 gebaut an ass rout ugestrach.Vun do kann een déi al Holzhaiser bewonneren, déi op hëlze Péil stinn.
  • Kinneklech Residenz (Stiftsgården): (E riesegt Holzhaus). Si gëtt vum Kinnek bewunnt, wann hien zu Trondheim ass a kann ausser där Zäit besicht ginn.
  • Festung (Kristiansten Festning): gouf 1681 gebaut an huet 1718 d'Eruewerung vun der Stad duerch d'Schwede verhënnert. Vun do aus hunn d'Visiteuren e wonnerbaren Ausbléck op Trondheim a säin Hafen.
  • Insel Munkholmen: eng kleng Insel am Fjord vun der Stad, mat Klouschterruinen (Dat Klouschter gouf spéider als Prisong benotzt).
  • Fersehtuerm (Tyholttårnet): 120 m héich mat engem Restaurant, dee sech dréit.

Fotoalbum vun Trondheim[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vun der Stad Trondheim

Commons: Trondheim – Biller, Videoen oder Audiodateien