Uelzecht-Lycée

Vu Wikipedia
Den Uelzecht-Lycée zu Dummeldeng (2007)

Den Uelzecht-Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul, déi no bei der Dummeldenger Gare steet.

Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem den Uelzecht-Lycée an de Lycée technique des arts et métiers integréiert soll ginn.[1]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Gesetz vum 20. Januar 2003 krut d'Regierung d'Erlabnis fir zu Lëtzebuerg-Dummeldeng en Annexgebai vum Lycée technique du Centre (LTC) ze bauen. Et gouf awer duerno festgestellt, dat et besser wier, fir en neien onofhängege Lycée opzeriichten. D'Schüler aus de fënnef provisoreschen Annexgebaier vum LTC sollten do regruppéiert ginn.

De 14. Juli 2007 (Gesetz vum 9. Juli 2007) gouf dee Lycée zu Lëtzebuerg-Dummeldeng an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch Règlement grand-ducal vum 9. Juli 2007 den Numm "Uelzecht-Lycée".

De 15. September 2007 sinn déi éischt Schoulklassen, mat ronn 600 Schüler, am Uelzecht-Lycée agezunn. D'Schoul gouf de 14. Dezember offiziell ageweit.

Direkter ass de Serge Winandy.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10 Juili 2015, S. 5.